Radioen

On air

Notturno  |  Jacques Charlier - Samba

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Dan Codello

Aus engem Gemengeconseiller gëtt e Gemengebeamten: e Gespréich mam neie Coordinateur de la politique transfrontalière et européenne vun der Stad Esch.

Julien Becker

De Produzent a Co-Realisateur vum Film "An Zéro" iwwer d'Polemik, déi ronderëm d'Doku-Fiktioun iwwer d'Konsequenze vun engem hypotheetesche GAU zu Cattenom entstanen ass.

Catherine Gapenne

D'Directrice vum Service Aides et Soins vum Roude Kräiz iwwer d'Aarbecht vum Fleegedéngscht Help a Corona-Zäiten.

Michèle Detaille

D'Presidentin vun der FEDIL, déi - laut Paperjam - ekonomesch Actrice mam gréissten Afloss hei am Land, ass um internationale Fraendag Invitée am Studio.
Guy Daleiden

Guy Daleiden

A Covid-Zäiten gi vill manner Leit an de Kino. Mir froen den Direkter vum Filmfong, op d'Lëtzebuerger Produzenten sech elo méi a Richtung Streaming mussen orientéieren.

Alain de Bourcy

D'Schnelltester sinn e wichtegt Mëttel um Wee zréck an d'Normalitéit. Mir froen de President vum Apdiktesch-Syndikat wéi eng Tester am Moment ze kréie sinn.
Pascal Ricquier

Pascal Ricquier

Mir froen de President vun der Policegewerkschaft SNPGL wat hien dovun hält, datt an der Stad elo och privat Sécherheetsleit patrulléieren.

Guy Foetz

Wéi wëllen Déi Stater Lénk d'Sécherheet am Garer Quartier stäerken? Dat froe mir de Gemenge-Conseiller vun der Partei.

Nancy Braun

Mir froen d'Direktesch vun ESCH2022 firwat ee Joer virum Kulturjoer eréischt 20 Projeten fest zougesot hunn.

Yves Cruchten

Den LSAP-President kommentéiert d'Pressekonferenz vun den Hôpitaux Schuman a reagéiert op d'Aussoe vun der DP-Deputéiert C. Hartmann iwwer en Ersatzgehalt fir Independanten.

Paul Galles

Den CSV-Deputéierten a -Generalsekretär iwwer aktuell Dossieren aus der parlamentarescher Ëmweltkommissioun an den Zoustand vu senger Partei.
Taina Bofferding

Taina Bofferding

Privat Sécherheetsagenten an der Stad, Wunngemeinschaften zu Esch/Uelzecht a Gemengefusioune sinn d'Stéchwierder am Gespréich mat der Inneministerin.

Agny Durdu

D'Presidentin vum Staatsrot schwätzt ë. a. iwwer d'Schwieregkeete vun der Institutioun fir an dëser Krisenzäit hirer Missioun gerecht ze ginn.

Dr. Jean-Claude Schmit

Mir froen den Direkter vun der Santé, ob trotz der Impfcampagne nach eng Kéier méi streng Mesuren néideg sinn.
headphones

18 min

play_arrow

Romain Schneider

Mir froen de Landwirtschaftsminister, ob hie säi Secteur an der Kris am Stach gelooss huet.

Dan Kersch

Mir froen den Aarbechtsminister, firwat hie sech matzen an der Kris ëffentlech mam Patronat uleet.

Romain Poulles

Mir froen de President vum Nohaltegkeetsrot, wat muss geschéie fir de Lëtzebuerger Ressourcëverbrauch ze reduzéieren.

Valerie Dupong

No der OpenLux-Recherche: Mir froen d'Cheffin vum Barreau, ob d'Affekoten zu Lëtzebuerg gutt genuch oppassen, datt hir Clientë keng illegal Geschäfter maachen.

Michel Reckinger

Mir froen de President vun der Unioun vun den Entreprisë firwat et esou schwéier ass en Ersatzgehalt fir Independanten op Been ze stellen.

Marcel Kramer

Den Direkter vum Dikrecher Kolléisch (LCD) iwwer de schwierege Schoulalldag a Corona-Zäiten, d'Moral vun de SchülerInnen a seng Freed un Zuelen a Statistiken.