Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Bob Bertemes

Mir froen de Lëtzebuerger Bommstousser, firwat hien zu Tokio hanner den Erwaardunge bliwwen ass.
headphones

14 min

play_arrow
Pascal Ricquier

Pascal Ricquier

Mir froen de President vun der Policegewerkschaft SNPGL op d'Lëtzebuerger Poliziste gutt genuch op geféierlech Asätz virbereet ginn.
headphones

14 min

play_arrow

Lucienne Thommes

Wéi vill hu Kriibspatienten ënner der Corona-Kris gelidden? Dat froe mir d'Direktesch vun der Fondation Cancer.
headphones

15 min

play_arrow

Marianne Bausch

Zanter iwwer dräi Joer muss d'Kierch mat eegene Moyene finanziell iwwer d'Ronne kommen. Mir froen déi nei Presidentin vum Kierchefong, wéi gutt dat klappt.

Sebastian Reddeker

Mir froen den Direkter vu Luxembourg for Tourism, ob och dëst Joer nach vill Leit hei am Land Vakanz maachen.

Christine Majerus

Direkt no hirer leschter Competitioun zéie mir mat der eenzeger Lëtzebuerger Cyclistin bei Olympia live vun Tokio en éischte perséinleche Bilan vun de Spiller.

René Winkin

Bis 2030 sollen d'Zäregas-Emissiounen an der EU 55 % méi niddereg si wéi 2005. Mir froen den Direkter vun der Lëtzebuerger Industriellefederatioun op säi Secteur dat kann erreechen.

Marc Hengen

Mir froen den Direktiounsbeoptraagte vun der Associatioun vun den Assurancen, wéi säi Secteur wëllt domat ëmgoen, wann et méi heefeg zu Naturkatastrophe kënnt.

Gaston Reinesch

Mam President vun der Lëtzebuerger Zentralbank geet ë.a. rieds iwwer dat nei-formuléiert Inflatiounszil vun der Europäescher Zentralbank an iwwer den digitalen Euro.
Dr. Philippe Turk

Dr. Philippe Turk

Mam neie President vun der Fédération des Hôpitaux (FHL) geet rieds iwwer d'Erwaardunge vum Spidolsecteur un den nationale Gesondheetsplang.
headphones

18 min

play_arrow

Romain Osweiler a Laurent Zeimet

D'Buergermeeschtere vu Rouspert-Mompech a vu Beetebuerg iwwer den Informatiounsfloss wärend der akuter Phas vum Héichwaasser

Jeff Da Costa

De Meteorolog a Klimatolog versteet net, firwat net méi fréi a méi staark virun der Héichwaasser-Gefor gewarnt ginn ass.

Annette Welsch an David Marques

D'Wort-Journalistin an de Quotidien-Redakter iwwer déi politesch Konsequenze vum Waringo-Rapport iwwer d'Infektiounsclusteren an Alters- a Fleegeheemer

Yves Wengler a Michel Malherbe

Mir froen d'Buergermeeschtere vun Iechternach a vu Miersch, wéi vill Schued d'Iwwerschwemmungen an hire Gemenge gemaach hunn.

Luc Feller

De Point a Saachen Impf-Campagne mam Haut-Commissaire à la Protection nationale.

Michel Wolter

E Réckbléck mam CSV-Deputéierten op d'Chamberdebatt iwwer de Waringo-Rapport

Gilles Baum a Sven Clement

Den DP-Fraktiounschef an de Piraten-Deputéierten diskutéieren iwwer d'Conclusiounen, déi aus dem Waringo-Rapport ze zéie sinn.

Damien Raths

De Lëtzebuerger erkläert ënner anerem, firwat hien d'Presidence vum KFC Uerdingen iwwerholl huet a wéi et dozou koum.

Dr. Serge Allard

Mir froen de President vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Kannerdokteren op hien novollzéie kann, datt verschidde Mineuren zécke sech impfen ze loossen.
headphones

18 min

play_arrow

Gaston Schütz a Pierre Plumer

Mir froen d'Direktere vum Rehazenter a vum Domaine Thermal vu Mondorf, wéi Long-Covid-Patiente sollen en Charge geholl ginn.