Radioen

On air

Tockcity  |  Black Fondu - SB 1 3

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Moritz Petry

De Buergermeeschter vun der Verbandsgemeinde Südeifel ass och de Buergermeeschter vu knapp 4.000 Lëtzebuerger, déi déi Säit der Sauer wunnen.

André Hoffmann

E Gespréich mam COSL-President um Enn vun engem grousse Sportsjoer an am Virfeld vun den Olympesche Wanterspiller vu Peking

Romain Osweiler

D'Iwwerschwemmunge vum 15. Juli hunn d'Joer 2021 markéiert. Wat ass zanterhier geschitt a wat bleift ze maachen? Froen un de Buergermeeschter vu Rouspert-Mompech.

Carlo Back

Virun dräi Méint huet hien aus dem Stater Gemengerot demissionéiert, elo zitt hie sech och aus der Chamber zeréck: de gréngen Deputéierten iwwer säi politeschen Engagement.
Sven Clement

Sven Clement

Mir froen de Piraten-Deputéierten, wéi seng Partei sech personell fir déi nächst Chamberwale wëllt opstellen.

Marc Schoentgen

Wat kann ee maache fir déi opgeluede politesch Stëmmung nees ze berouegen? Mir froen den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung.

Jean-Luc de Matteis a Romain Schmit

Sinn d'Salariéen an d'Betriber prett fir den 3G-System op der Aarbecht? Mir froe beim OGBL an der Handwierkerfederatioun no.

Dan Biancalana

Mir froen de Rapporteur vum Staatsbudget 2022, wéi ee Message hie mat sengem Exposé iwwer d'Staatsfinanzen wëllt eriwwerbréngen.

Susanne Backes

Mir froen d'Coordinatrice vum nationale Bildungsbericht, firwat d'Inegalitéiten tëschent de Schüler hei am Land weider wuessen.

Frank Engel

Den Dag nom Urteel am Frëndeskrees-Prozess: d'Reaktioun vum Ex-CSV-President

Suzanne Cotter

Kuerz virun hirem Depart zitt d'Directrice vum MUDAM e Bilan iwwer hir Zäit un der Spëtzt vum Musée.

Claude Haagen

Den zukünftegen LSAP-Landwirtschafts- a Sozialminister schwätzt iwwer seng nei Erausfuerderungen, den Nach-Buergermeeschter vun Dikrech iwwer d'Nordstad-Fusioun.

Karin Weyer

D'Direktesch vu respect.lu iwwer d'Radikaliséierung vun de Corona-Protester
Luc Feller

Luc Feller

Am Kader vun der Impfwoch: Froen un den Haut-Commissaire à la protection nationale, dee fir d'Organisatioun vun der Impfcampagne zoustänneg ass.

Serge Legil

Mir froen den Direkter vun der Prisongsverwaltung op de Covid-Ausbroch am Prisong mëttlerweil ënner Kontroll ass.

Valerie Dupong

D'Affekoten fäerten em hier Onofhängegkeet, well an der sougenannter Lutgen-Affär ee vun hinne ugeklot ass. Mir froen d'Bâtonnière wéi eng Auswierkungen dee Prozess kéint hunn.

Dan Kersch

Mir froen den Nach-Vizepremier firwat hien es no 8 Joer an der Regierung genuch huet.

Romain Nati

Ginn déi nei Corona-Reegelen duer fir d'Situatioun an de Spideeler enner Kontroll ze haalen? Dat froe mir den Direkter vum Stater CHL.

Claude Meisch

D'Regierung keint haut nees méi streng sanitär Mesuren décidéieren. Eng allgemeng Maskeflicht an de Schoulen wäert awer haut net décidéiert ginn, esou den Educationsminister.

Corinne Cahen

D'OCDE gesäit nach Verbesserungspotential bei der Integratioun vu Leit, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg plënneren. Wat wëllt déi zoustänneg Ministesch elo maachen?
headphones

17 min

play_arrow