Radioen

On air

Notturno  |  Fabiano Do Nascimento & Sam Gendel - Foi Boto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Lex Delles

De Mëttelstand- an Tourismusminister iwwer d'Reouverture vun den Terrassen, a wat ee sech vun der Tourismus-Saison erwaarde kann.

Estelle Née

Mir froen d'Spriecherin vun der Studentenorganisatioun UNEL wat muss geschéien, fir datt der Jugend hiren Elan net vun der Pandemie erdréckt gëtt.

Marc Meyers

Den Direkter vum Stater Conservatoire sëtzt vun haut un och am Staatsrot. Wéi kritt hien déi zwee Mandater ënner een Hutt?

Lotty Prussen

Firwat sinn d'Fäll vu Stierfhëllef an de leschten zwee Joer däitlech an d'Luucht gaangen? Mir froen d'Presidentin vun der Euthanasie-Kommissioun.

Marc Linden

De Vize-President vum Syndikat vun de Kierchefabricken (SYFEL) reagéiert op de rezenten Arrêt vun der Cour constitutionnelle am Clinch mam Bistum ëm de Kierchefong.

Jochen Kuttler

Kommunal Modellversich kënne keng landeswäit Corona-Strategie ersetzen, seet de Buergermeeschter vun der saarlännescher Gemeng Wadern.

Martine Hansen

D'CSV-Fraktiounscheffin iwwer den aktuellen Zoustand an d'Perspektive vun hirer Partei - inhaltlech, an och personell.

Abbes Jacoby

Gréngt Urgesteen, meeschtens an der zweeter Rei: de fréiere Fraktiounssekretär (bis 2015) an Ettelbrécker Gemengeconseiller (bis gëschter) zitt Bilanz.

Patrick Dury

Zwee Deeg nom digitalen LCGB-Kongress: deen alen an neien Nationalpresident iwwer d'Haaptfuerderunge vu senger Gewerkschaft.

Jean-Claude Juchem

49 Prozent Elektroauto bis 2030: Mir froen den Direkter vum Automobilclub, ob der Regierung hiert Zil realistesch ass.

François Koepp

D'Terrasse sollen ënner strenge Konditiounen nees opgoen. Hëlleft dat de Restauranten a Caféen? Mir froen de Generalsekretär vum Branchëverband Horesca.
Marc Fischbach

Marc Fischbach

Hätten déi rezent Corona-Clusteren an Heemer kënne verhënnert ginn? Mir froen de President vun der COPAS, dem zoustännegen Verband.

André Hoffmann

Mir froen de President vum nationalen Olympesche Comité op et wierklech de richtege Moment fir méi labber Corona-Mesuren am Sport ass.
Alex Donnersbach

Alex Donnersbach

Wéi kënnt CSV nees aus der Kris eraus? Mir froen de President vun der Chrëschtlech-Sozialer Jugend.

Luc Feller

Den Haut-Commissaire à la Protection nationale iwwer d'Reprise vun de Vaccinatioune mat AstraZeneca an d'Organisatioun vun der Impfcampagne.

Ines Kurschat a Christoph Bumb

D'Land-Journalistin an de Chefredakter vu reporter.lu kommentéieren déi CSV-intern Streidereien ëm de President Fränk Engel.

Julie-Suzanne Bausch

D'Directrice adjointe vum Dikrecher Kolléisch iwwer de Projet vun enger europäescher Schoul zu Miersch

Prof. Claus Vögele

De Professer fir Psychologie a Psychotherapie vun der uni.lu iwwer d'Konsequenze vun 12 Méint Pandemie (an den domat verbonnene Restriktiounen) op dat mënschlecht Gemitt.

Gary Diderich

De Co-Spriecher vun déi Lénk iwwer d'Gouvernance vun de Spideeler, Impfdrängler an de Reproche vu Staatsversoe géint den Educatiounsminister.

Erny Gillen

E Gespréich mam Eethiker an Theolog iwwer eethesch-moralesch Froen an Zesummenhang mat der Corona-Pandemie.