
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden


Claude Rischette
Erklärunge vum ILR-Vizedirekter iwwer déi nei Struktur fir d'Netzkäschte beim Stroum

Jean-Claude Juncker
De Krich an der Ukrain, de Konflikt am Noen Osten an de Populismus an Europa sinn e puer vun den Themen am Gespréich mam Éierestaatsminister a fréiere President vun der EU-Kommissioun, deen haut 70 Joer kritt.

Yves Cruchten
Mam LSAP-Deputéierte schwätzt de Rick Mertens ënner anerem iwwer de Mercosur-Accord an iwwer déi verfuere politesch Situatioun a Frankräich an d'Roll vun de Sozialisten.

Lydie Polfer
Mat der Stater Buergermeeschtesch schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi lokal Police, d'Heescheverbuet an d'Sécherheet vun den Zebrasträifen.

Margot Heirendt
D'Fondation Cancer kritt 30 Joer. Mat hirer Directrice schwätzt d'Christiane Kleer iwwer d'Defien, déi d'Patienten haut hunn an iwwer eng méiglech Erweiderung vum Fëmmverbuet.

Elisabeth Margue
Mir froen d'Justizministesch, wéi konkret ugefaange gëtt um Projet vun enger neie Cité judiciaire ze schaffen a wéi si den Transport vun Detenuen tëschent dem Prisong an dem Geriicht, zum Beispill, reforméiere wëllt.

Claude Strasser
De Präis vum Timber geet erop, dee vun de Päck erof, an d'Post huet am Beräich vun der Informatik an de Kommunikatiounstechnologië vill vir. Wat ännert a firwat? Dat froe mir de Generaldirekter vun der Post.

Nicolas Schmit
Op sengem leschte (Schaff-)Dag: wéi beurteelt de Lëtzebuerger Nach-Kommissär d'Traktatioune vun der leschter Woch am Europäesche Parlament?

Paul Hammelmann
No 45 Joer am Déngscht vu méi séchere Stroossen zitt den Nach-President vun der Sécurité routière sech zeréck. De Maurice Molitor freet hien no sengem Bilan.

Gerd Bosbach
Den däitsche Mathematiker a Statistiker warnt viru falsche Conclusiounen aus demographesche Projektiounen a virun engem Kapital-gedeckte Pensiounsregimm.

Gilles Hempel
Den Direkter vun der Fondation pour l’accès au Logement schwätzt iwwer 15 Joer Gestion locative sociale hei am Land, déi hien eng "success story" nennt.

Serge Wilmes
No der Weltklimakonferenz vu Baku: Froen un de Lëtzebuerger Ëmweltminister

Joëlle Welfring
Ass nach mat engem Accord op der Welt-Klimakonferenz ze rechnen? Mir froen déi fréier Ëmweltministesch.

Stéphanie Weydert
D'Caritas-Affär gëtt zanter gëschter an der Chamber opgeschafft. Wat ass d'Zil vun der Spezialkommissioun? Mir froen hir Presidentin vun der CSV.

Romain Bausch
Gëtt et trotz de rezente Krise weider finanzielle Spillraum am Staatsbudget? Mir froen de President vum Conseil national des finances publiques.

Marc Thewes
Muss de Staatsrot reforméiert ginn? Mir froen deen neie President vum Conseil d'Etat.

René Winkin
Gëtt déi nei Regierung den Erwaardunge vum Patronat bis elo gerecht? Dat froe mir den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL.

Luc Frieden
Iwwermuer (17. November) gëtt et ee Joer, datt d'CSV-DP-Koalitioun d'Regierungsverantwortung iwwerholl huet. Zäit fir en éischten Tëschebilan.
