Radioen

On air

Thé Dansant  |  Brian Eno - I'll Come Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Frank Schilling

Mam neie President vun der FLEAA, der Federatioun vun de Busentreprise geet et ëm d'Zukunft vum Bussecteur.

Claude Lamberty a Fernand Kartheiser

Béid Deputéiert diskutéieren iwwert d'Roll vum Lëtzebuergeschen an de Lëtzebuerger Sproochepluralismus.

Invité vum Dag: Mady Delvaux

Europa rëtscht no riets an dreift auserneen. Mat der LSAP-Europadeputéiert geet Rieds iwwert de Stand vun der EU.

Claude Adam

Mam bildungs- an aussepolitesche Spriecher vun der grénger Fraktioun an der Chamber geet Rieds iwwer déi aktuell Schoulpolitik, TTIP a CETA.

Delphine Munro

Konscht a Kultur si Sujet mat der neier Presidentin vum Verwaltungsrot vum "Casino-Forum d'art contemporain".

Andreas Pittler

Den éisträichesche Schrëftsteller an Historiker vergläicht dat multinationaalt Europa mam multinationalen Habsburgerräich.

Fernand Fehlen

De Sproochesoziolog schwätzt iwwert de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen.

Charles Goerens

De liberalen EU-Deputéierte kommentéiert déi europäesch Aktualitéit: d'Landtagswalen zu Berlin an déi politesch a wirtschaftlech Kris an Europa.

Jean-Louis Gindt

Vun e Méinden un ersetzt dat neit Fach “Liewen a Gesellschaft” de Reliouns- a Moralscours. Wat ännert sech?
Xavier Bettel

Xavier Bettel

Mam Premierminister geet et ëm d'Lëtzebuerger Aussepolitik an déi innepolitesch Rentrée.

Lucien Weiler

Mam Hofmarschall geet Rieds iwwert Monarchie a Kommunikatioun um Haff.
Alexandra Oxacelay

Alexandra Oxacelay

D'Stëmm vun der Strooss huet d'lescht Joer 150 Tonne Liewensmëttel verdeelt. D'Chargé de direction vun der asbl schwätzt iwwert Aarmut zu Lëtzebuerg.
Wim Piot

Wim Piot

Mam "Managing Partner" vu PWC Lëtzebuerg geet Rieds iwwert d'Zukunft vun der Betribsbesteierung zu Lëtzebuerg.
headphones

15 min

play_arrow

Catia Santi

Mat der Assistante Sociale schwätze mer iwwert der Croix Rouge hire neie Service LISKO fir d'Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg.
headphones

16 min

play_arrow

Claude Turmes

Mam gréngen Europadeputéierte schwätze mer iwwert den Dieselgate Ofgasskandal, den TTIP Fräihandelsaccord an de Klimaschutzaccord.
headphones

18 min

play_arrow

Jean-Claude Schmit

Eurostat no liewen d'Lëtzebuerger manner laang gesond, wéi zum Beispill d'Schweden. Firwat? Dat froe mir den Direkter vun der Santé.
headphones

19 min

play_arrow

Maria Castrovinci

Wéi solle kleng Kanner an Zukunft hei am Land betreit ginn? Dat froe mir d'Presidentin vun der Federatioun vun de private Crèchen.
headphones

18 min

play_arrow

Anik Raskin

Gëtt et fräiwëlleg Prostitutioun? Den Nationale Fraerot seet "neen" a kritiséiert de Gesetzesprojet vun der Regierung.
headphones

16 min

play_arrow

Serge de Cillia

Mam Generaldirekter vun der Bankenassociatioun geet Rieds iwwert de Brexit an den neie Banke-Kollektivvertrag.

Jean-Claude Thümmel

Mam Eisebunner a President vun der Gewerkschaft Landesverband geet et ëm den Tram.