Radioen

On air

Thé Dansant  |  Brian Eno - I'll Come Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Janine Reuland-Schneider

Déi nei Presidentin vum "Conseil National des Femmes" schwätzt iwwert Fraerechter, Quoten a jonk Feministinnen.

Lydia Mutsch & Alain Schmit

D'Gesondheetsministerin an de President vun der AMMD diskutéieren iwwert d'Spidolsgesetz.

Marc Angel

De President vun der ausssepolitescher Chamberkommissioun schwätzt iwwert de geplangten europäesch-kanadesche Fräihandelsaccord CETA.

Marco Schank

Am Mee 2014 sinn Onlinepetitiounen zu Lëtzebuerg agefouert ginn. De CSV-Deputéierten a President vun der Petitiounskommissioun zitt e Bilan.

Patrick Arendt & Patrick Remakel

Mat de Vertrieder vun den Enseignantsgewerkschaften am Fondamental geet Rieds iwwer déi nei Tëschebilanen an d'Qualitéit vun der Schoul.

Marc Hansen

Ass et nach méiglech, fir eng bezuelbar Zomm hei am Land ze wunnen? Doriwwer geet Rieds mam Logementsminister Marc Hansen (DP).

Jean-Claude Reding

Mam President vun der Chambre des Salariés, där gréisster Beruffskammer am Land, geet Rieds iwwert de Staatsbudget fir d'Joer 2017.
Isabelle Schlesser

Isabelle Schlesser

Am Budgetsprojet fir 2017 ass virgesinn, datt d'Dotatioun fir de Beschäftegungsfong erofgeet. Wat dat bedeit ass eng Fro un d'Direktesch vun der ADEM.

Véronique Hoffeld

Déi nei Presidentin vum "Fonds National de la Recherche" am Gespréich

Robert Urbé

Mam Porte-parole vun der Caritas geet Rieds iwwert den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg deen, dem STATEC no, 2015 liicht ofgeholl huet.

Pierre Gramegna

De Finanzminister gëtt Erklärungen zum Staatsbudget, deen hie gëschter an der Chamber presentéiert huet.

Roger Lampach

Den Direkter vu Luxconnect zitt e Bilan vun 10 Joer Investitiounen an Datenzentren an optesch Kabelen.

Carlos de Lojendio

Mam spueneschen Ambassadeur geet Rieds iwwert déi politesch a wirtschaftlech Kris a Spuenien.

Claude Wiseler

Den designéierte CSV-Spëtzekandidat fir déi nächste Chamberwahle gëtt Erklärungen zu Wirtschaftspolitik, Verfassungsreferendum a perséinlechem Stil.

Marc Wagener

Den Direkter fir Wirtschaftsfroe vun der Chambre de Commerce an IDEA-Direkter iwwert d'Steierreform an d’Repercussiounen op d’Wirtschaft oder de Staatsbudget.

Martine Hemmer

D'Chefredaktesch vum Télécran schwätzt iwwert de Stellewäert an d'Zukunft vun der Zäitschrëft.

Paul Marceul

De Manager vum "Cluster Maritime" schwätzt iwwert Lëtzebuerger Wirtschaftsaktivitéiten am Beräich vun der Schëfffahrt.

Gary Diderich

Am Projet "Cimulact" bedeelegen sech d'Bierger un der Ausriichtung vun der Fuerschung an der EU. D'asbl 4Motion organiséiert den Debat zu Lëtzebuerg.

Claudine Müller

Déi spezialiséiert Enseignante schwätzt iwwert Inklusioun vun daf a stark héiergeschiedegte Kanner.

Marc Jaeger

De President vum Geriicht vun der Europäescher Unioun iwwert d'Reform vum Geriicht an d'Efforten, fir d'Affären an engem Délai raisonnable ze behandelen.