Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Fou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Gilles Feith

De Luxair-Generaldirekter iwwer héich Kerosinpräisser a vertässelt Index-Tranchen, iwwer en Aktionär, dee wëllt verkafen an eng Flott, déi soll erneiert ginn.
headphones

15 min

play_arrow

Spezialeditioun no de franséische Presidentewalen

Vu Paräis: Informatioune mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck - am Studio: d'Analys vum Politolog Philippe Poirier - iwwer Telefon: d'Reaktioun vum Premier Xavier Bettel.
headphones

25 min

play_arrow

Patrizia Arendt

D'Suessemer Biergerinitiativ BIGS kämpft schon 20 Joer géint de Bau vun enger Ëmgeeungsstrooss duerch d'Gemeng. Mir froen d'BIGS-Sekretäerin, ob déi Lutte iwwerhaapt ze gewannen ass.
headphones

13 min

play_arrow
Carole Hartmann

Carole Hartmann

Mir froen d'DP-Deputéiert aus dem Ostbezierk, wéi d'Gesondheetsministerin mam net-autoriséierten IRM zu Gréiwemaacher soll ëmgoen.
headphones

17 min

play_arrow

Tom Wirion

Mir froen den Direkter vun der Handwierkerkammer, wat muss geschéien, fir datt d'Lëtzebuerger Betriber mat der Konkurrenz aus dem Ausland kënne mathalen.
headphones

16 min

play_arrow

Pierre Reding

Iwwer 600 ukrainesch Kanner ginn dës Woch zu Lëtzebuerg ageschoult. Mir froen den héije Beamten aus dem Educatiounsministère, wéi d'Schoulen dat gestemmt kréien.
headphones

16 min

play_arrow

Agnes Rausch

Den ukrainesche Flüchtlingen hëllefen, ouni déi syresch, afghanesch an eritreeësch ze vergiessen: dat ass d'Uleies vun der ASBL JRS-LU.
headphones

17 min

play_arrow
Bettina Steinbrügge

Bettina Steinbrügge

Déi nei Directrice vum MUDAM iwwer hir Pläng an hir Visiounen
headphones

13 min

play_arrow

Yves Cruchten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun iwwer den Ukrain-Konflikt an dat, wat domat zesummenhänkt.
headphones

14 min

play_arrow
Frank Engel

Frank Engel

Vun de franséische Presidentewalen iwwer den Ukrain-Konflikt bis bei d'Lëtzebuerger Index-Diskussioun: Froen un de Spriecher vun der neier Partei Fokus.
headphones

20 min

play_arrow

Charel Goerens

Mir froen den Europadeputéierten vun der DP, wéi hien d'Resultater vum éischte Tour vun de franséische Presidentielle bewäert.
headphones

17 min

play_arrow

Régis Moes

De Staatsmusée beliicht vun haut un "déi kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg". Mir froen den zoustännegen Historiker, wéi eng nei Aspekter d'Ausstellung opdeckt.
headphones

18 min

play_arrow

Dr. Marc Berna

Mir froen den neie Generaldirekter vun den Hopitaux Robert Schuman, wéi hien nees Rou an de Spidolsgrupp wëllt bréngen.
headphones

14 min

play_arrow

Serge Allegrezza

Mir froen den Direkter vum Statec wat an dësen onsécheren Zäiten déi ekonomesch Aussiichte fir Lëtzebuerg sinn.
headphones

15 min

play_arrow
Nora Back

Nora Back

Mir froen d'Presidentin vum OGBL ob si sech an den Tripartite-Verhandlunge verpokert huet.
headphones

17 min

play_arrow

Dr. Paul Wirtgen

Mir froen den neien Direkter vum Ettelbrécker Spidol, wéi et mat der Maternité a sengem Spidol virugeet.
headphones

16 min

play_arrow

Franz Fayot

De Wirtschaftsminister iwwer en Tripartite-Accord ouni OGBL an d'Krisen-Hëllefe fir Entreprisen.
headphones

18 min

play_arrow
Claude Turmes

Claude Turmes

Den Energieminister iwwer méiglech Enkpäss bei der Gasversuergung an déi temporär Reduktioun vun de Spritpräisser.
headphones

18 min

play_arrow
Fred Keup

Fred Keup

Den neien Mann un der Spëtzt vun der ADR iwwer seng Pläng als Nationalpresident.
headphones

19 min

play_arrow

Georges Pierret

Hie war Member vum Frëndeskrees a gouf vun der eegener Partei op d'Geriicht geholl. Mat enger emotionaler Ried huet hie senger Roserei elo um CSV-Kongress Loft gemaach.
headphones

18 min

play_arrow