Radioen

On air

Notturno  |  Sam Burton - I Don't Blame You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Sam Tanson

Chamberwalen 2023: Froen un déi gréng Spëtzekandidatin
headphones

18 min

play_arrow

David Lentz

De Procureur d'État adjoint erkläert d'Hannergrënn vun der Sensibiliséierungscampagne "Not sharing is caring", déi Jonker dovun ofhale soll, Gewaltvideoen online ze deelen.
headphones

15 min

play_arrow

Toto Da Costa Araujo

Portugisesch Wuerzelen, Lëtzebuerger Pass: e Gespréich mam neie Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Bous-Waldbriedemes
headphones

14 min

play_arrow

Julie-Suzanne Bausch

Déi aktuell Presidentin vum Collège des directeurs vun de Lëtzebuerger Lycéeën iwwer de Phenomeen vu Mobbing-Attacken, déi gefilmt an duerno online gestallt ginn.
headphones

15 min

play_arrow

Carole Thoma

No der Enttäuschung bei de Gemengewalen: wéi ginn déi Lénk an Campagne fir d'Chamberwalen? Froen un d'Co-Spriecherin vun der Partei
headphones

16 min

play_arrow

Philippe Poirier

De Politolog vun der Uni Lëtzebuerg presentéiert éischt Resultater vun der Etude POLINDEX, déi ënnersicht, wat an de Käpp vum Lëtzebuerger Elektorat vir sech geet.
headphones

15 min

play_arrow

Jean-Marie Halsdorf

Den CSV-Politiker gëtt no 2000-2004 eng zweete Kéier Buergermeeschter zu Péiteng. Seng nationalpolitesch Karriär geet dogéint am Hierscht op en Enn.
headphones

15 min

play_arrow

Meris Sehovic

De schwaarz-blo-grénge Koalitiounsaccord zu Esch ass ënnerschriwwen. Froen un den zukünftege Schäffen an nationale Co-President vun der grénger Partei.
headphones

15 min

play_arrow

Inna Ganschow

Wéi sinn déi rezent Evenementer a Russland ze bewäerten? A wat bedeite se fir de Krich an der Ukrain? Dozou e Gespréich mat der Historikerin aus dem C2DH vun der uni.lu
headphones

14 min

play_arrow

Serge Wilmes

Deen alen an neien éischte Schäffen iwwer déi (wéi et schéngt) ganz onkomplizéiert Koalitiounsverhandlunge vu senger CSV mat der DP an der Stad Lëtzebuerg.
headphones

14 min

play_arrow

Taina Bofferding

An der Suite vun de Gemengewalen reagéiert d'Inneministesch op Froen, déi an de leschte Wochen opgeworf goufen: et geet ë. a. ëm de Walsystem an ëm Incompatibilitéiten.
headphones

17 min

play_arrow

Olivier Jacquin

De franséische Senateur aus dem Departement Meurthe-et-Moselle huet konkret Virstellunge, wéi Lëtzebuerg sech fir d'Steiere vu franséische Frontalierë revanchéiere soll.
headphones

17 min

play_arrow

Luc Frieden

Froen un den CSV-Spëtzekandidat bei de Chamberwalen, dee gëschter déi grouss Linne vum Walprogramm virgestallt huet.
headphones

18 min

play_arrow

Michel Malherbe an Henri Haine

E Gespréich mat de Buergermeeschtere vu Miersch a Rëmeleng, déi allebéid haut la main erëmgewielt goufen.
headphones

11 min

play_arrow

Georges Mischo

Mir froen den Escher CSV-Buergermeeschter, wat hien a senger zweeter Amtszäit wëllt erreechen.
headphones

15 min

play_arrow

Max Hahn

Mir froen den neie Familljeminister, wat hien iwwerhaapt nach wëllt schaffen - an de knapp véier Méint, déi him virun de Wale bleiwen.
headphones

15 min

play_arrow

Bob Steichen

Deen neie Buergermeeschter vun Ettelbréck ass der LSAP hire Liichtbléck am Norde vum Land. Kann hien hëllefen de Sozialisten hiren Negativtrend am Nord-Bezierk ze stoppen?
headphones

14 min

play_arrow

Marc Goergen, Fernand Kartheiser, Nathalie Oberweis

Wéi reagéieren d'Piraten, d'ADR an déi Lénk op d'Resultat vun de Gemengewalen? Mir froe bei dräi Deputéierten no, déi e Sonndeg och e Gemengemandat kruten.
headphones

21 min

play_arrow

Dan Biancalana, Lex Delles, Elisabeth Margue, Meris Sehovic

Wéi reagéieren d'Parteipresidente vun de véier grousse Parteien op d'Wal-Resultat vu gëschter? Mir froen si.
headphones

26 min

play_arrow

Gilles Roth, Francine Closener an Djuna Bernard

Zu Mamer féieren dräi Figuren aus der nationaler Politik hir respektiv Lëschten un: den CSV-Fraktiounschef (an aktuelle Buergermeeschter) an d'Presidentinne vun LSAP an déi gréng.
headphones

25 min

play_arrow