Radioen

On air

Notturno  |  Vijay Iyer - Revolutions

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Fernand Kartheiser

Wann d'Petitioun fir e Verfassungsreferendum net genuch Ënnerschrëfte kritt, ass de Kampf fir e Referendum da verluer? Ë. a. dat froe mir den ADR-Deputéierten.
Serge Allegrezza

Serge Allegrezza

Mir froen den Direkter vum Statec, firwat een am Joer 2021 nach ëmmer eng Vollekszielung brauch.

Marc Hansen

Mir froen de Minister vun der Fonction Publique, wéi streng de CovidCheck-Regimm fir d'Staatsbeamten applizéiert gëtt.

André Weidenhaupt

Wat ass no den éischten Annoncen nach vun der Klimakonferenz ze erwaarden? Mir froen ee vun de Lëtzebuerger Negociateuren zu Glasgow.

Alex Bodry

War et e Feeler ze probéieren e Referendum iwwer d'Verfassungsreform ze ëmgoen? Dat froe mer de fréiere President vun der Chamberkommissioun, déi sech ëm dës Reform këmmert.

Pascal Husting

Mir froen de fréiere Programmdirekter vu Greenpeace International, wat ee sech vun der grousser Klimakonferenz zu Glasgow erwaarde kann.

Alain Massen

Mir froen de President vun der nationaler Elterevertriedung ob zousätzlech Mesuren néideg sinn, fir d'Infektiounszuelen an de Schoulen am Greff ze halen.

Erik von Scholz

Wäerten d'Gaspräisser iwwer de Wanter och fir d'Lëtzebuerger Consommateure klammen? Dat froe mer den Direkter vum Energieliwwerant Enovos.
Alain Origer

Alain Origer

Hëllefen déi nei Cannabis-Reegelen de Schwaarzmaart ze bekämpfen? Déi Fro stelle mer dem nationalen Drogebeoptraagten.

Maggy Nagel

E Gespréich mat der Kommissärin bei der Expo 2020 zu Dubai iwwer d'Lëtzebuerger Presenz op där Weltausstellung

Claude Wiseler

Den CSV-President erkläert, firwat seng Partei hir Positioun an der Verfassungs-Fro geännert huet.

Romain Schneider

Den LSAP-Sozialminister iwwer de Paiement immédiat direct vun Doktesch-Rechnungen a seng eegen Zukunftsplanung
Philippe Poirier

Philippe Poirier

De Politolog vun der uni.lu iwwer d'Verfassungsreform, en eventuelle Referendum an den Amalgam mat Covid-Restriktiounen

Romain Wolff

Trotz dem Protest vun de Gewerkschaften: dat neit Covid-Gesetz ass gestëmmt. Wéi reagéiert de CGFP-President?
Mars Di Bartolomeo

Mars Di Bartolomeo

Den LSAP-Deputéierten iwwer dat neit Covid-Gesetz an d'Verfassungsreform an déi zum Deel opgeluede Stëmmung do ronderëm.
headphones

18 min

play_arrow
Jean-Claude Schmit

Jean-Claude Schmit

Mir froen den Direkter vun der Santé ënnert anerem firwat mëttlerweil och nees méi fäerdeg geimpfte Leit sech mam Coronavirus infizéieren.
headphones

15 min

play_arrow

Gilles Roth

Mir froen de Co-Fraktiounschef vun der CSV wéi eng Annoncen seng Partei sech am Etat de la Nation an an der Budgetsried gewënscht hätt.
headphones

14 min

play_arrow
Max Leners, Natasha Lepage, Paul Nathan

Max Leners, Natasha Lepage, Paul Nathan

E "jonke" Bléck op den État de la Nation - mat engem Logementspolitiker, enger Klimaaktivistin an engem Patron.
headphones

18 min

play_arrow
Nora Back a Jean-Paul Olinger

Nora Back a Jean-Paul Olinger

D'Presidentin vum OGBL an den Direkter vun der UEL diskutéieren iwwer d'Aféierung vum CovidCheck-Régime an der Aarbechtswelt.
headphones

19 min

play_arrow
Gilbert Pregno

Gilbert Pregno

Mam President vun der Mënscherechtskommissioun geet rieds iwwer Covid-Check an Impfgéigner.