Radioen

On air

Iwwer de Wolleken  |  Peel Dream Magazine - Lie In the Gutter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Raymond Conzemius

De fréieren Direkter vum Sportslycée iwwer seng nei Missioun als Directeur technique adjoint beim COSL.

Leo Wagener

Mir froen de Weibëschof ob hie mengt, datt no der Kris nees méi Leit an d'Kierch kommen.

Bernard Baumgarten

Mir froen de Choreograph an artisteschen Direkter vum Danz-Zenter Trois C-L., wéi laang een als Artist ouni Public kann iwwerliewen.

Lex Delles

Mir froen de Mëttelstandsminister op Chrëschtshopping och an der Pandemie essentiell ass.

Guy Hoffmann

Wéi geféierlech ass d'Covid-Kris fir eis Banken? Dat froe mer de President vun der Bankenassociatioun ABBL.

René Steinhaus

De Generaldirekter vu lux-Airport iwwer dat schwieregt Corona-Joer 2020 an déi kaum besser Aussiichte fir 2021.

Dr. Anna Chioti

D'Cheffin vun der Division de la pharmacie et des médicaments an der Santé iwwer de Vaccin géint de Coronavirus an déi éischt Impfungen zu Lëtzebuerg.
headphones

18 min

play_arrow

Romain Wolff

Ass e Konflikt mat der Regierung matten an der Kris ubruecht? Dat froe mir den CGFP-President.

Dr. Philippe Turk

Wéi laang packen d'Klinicken déi aktuell Rekordzuel u Covid-Patienten? Mir froen de Spidolscoordinateur.
headphones

18 min

play_arrow

Daniel Nepgen

Mir froen den neien Direkter vum Journal, wéi ee Public hie mat enger renger Online-Zeitung wëllt uschwätzen.

André Von der Marck

E Sonndeg fiert fir d'éischt zanter iwwer 50 Joer nees en Tram op d'Stater Gare. Mir froen den Direkter vu Luxtram, op dat a Corona-Zäiten guer net däerf gefeiert ginn.
Charel Muller

Charel Muller

Wéi ka verhënnert ginn, datt Lëtzebuerger Fongen an Entreprisen investéieren, déi géint d'Mënscherechter verstoussen? Fro un de Matgrënner vun ASBL Finance and Human Rights.

François Benoy

De Rapporter vum Budgetsprojet 2021 wëll, dass d'Land méi staark aus der Kris erausgeet. Wéi soll dat geschéien? De gréngen Deputéierten erkläert sech.
Emile Eicher

Emile Eicher

De President vum Syvicol iwwer ugespaant Gemengefinanzen an aner Corona-bedéngt kommunal Suergen.

Daniela Willems a Pitt Bach

D'Personaldelegéiert an den OGBL-Zentralsekretär iwwer d'Situatioun um Kräizbierg nom Départ vum Administrateur délégué a vum Direkter vun den Atelieren.

Flore Schank

E Gespréich mat der Coordinatrice vun der Cellule de coordination, déi am Fall vu Corona-Infektiounen am Schoulberäich den Tracing iwwerhëlt.

Simone Beissel

Wat ass den aktuelle Stand an der Verfassungs-Diskussioun? Mir maachen de Point mat DP-Deputéierter a Co-Rapportrice.

Marc Hansen

Mir froen de Minister vun der Fonction Publique, ob d'Gefor vun enger schläichender Privatiséierung am ëffentlechen Déngscht reell ass.

Henri Kox a Lydie Polfer

D'Stater Buergermeeschterin an den Minister fir bannescht Sécherheet si sech net eens iwwer den Asaz vun enger privater Sécherheetsfirma an der Stad.

Corinne Cahen

Mir froen d'Familljeministerin op d'Bewunner vun eisen Altersheemer genuch géint de Coronavirus geschützt ginn.