Radioen

On air

Notturno  |  Kenny Garrett - It's Time To Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Luc Feller

Luc Feller

Am Kader vun der Impfwoch: Froen un den Haut-Commissaire à la protection nationale, dee fir d'Organisatioun vun der Impfcampagne zoustänneg ass.

Serge Legil

Mir froen den Direkter vun der Prisongsverwaltung op de Covid-Ausbroch am Prisong mëttlerweil ënner Kontroll ass.

Valerie Dupong

D'Affekoten fäerten em hier Onofhängegkeet, well an der sougenannter Lutgen-Affär ee vun hinne ugeklot ass. Mir froen d'Bâtonnière wéi eng Auswierkungen dee Prozess kéint hunn.

Dan Kersch

Mir froen den Nach-Vizepremier firwat hien es no 8 Joer an der Regierung genuch huet.

Romain Nati

Ginn déi nei Corona-Reegelen duer fir d'Situatioun an de Spideeler enner Kontroll ze haalen? Dat froe mir den Direkter vum Stater CHL.

Claude Meisch

D'Regierung keint haut nees méi streng sanitär Mesuren décidéieren. Eng allgemeng Maskeflicht an de Schoulen wäert awer haut net décidéiert ginn, esou den Educationsminister.

Corinne Cahen

D'OCDE gesäit nach Verbesserungspotential bei der Integratioun vu Leit, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg plënneren. Wat wëllt déi zoustänneg Ministesch elo maachen?
headphones

17 min

play_arrow

Nancy Kemp-Arendt

D'CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Chamberkommissioun fir Petitiounen iwwer Méiglechkeeten a Grenze vun deem Instrument vun der direkter Demokratie.
headphones

17 min

play_arrow
Michelle Friederici

Michelle Friederici

E Gespréich mat der neier Presidentin vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI).
headphones

17 min

play_arrow
Paul-Henri Meyers

Paul-Henri Meyers

De fréieren CSV-Deputéierte schwätzt iwwer déi rezent Revirementer am Verfassungsdossier, un deene seng Partei net onschëlleg ass.
headphones

17 min

play_arrow
Paulette Lenert

Paulette Lenert

Vu Booster-Impfung bis Impfflicht: e Gespréich mat der Gesondheetsministerin iwwer déi aktuell Corona-Situatioun
headphones

18 min

play_arrow

Jo Studer

De President vun der Jeeër-Federatioun (FSHCL) iwwer de Kielener Fuuss, déi héich Wëlddicht a grousse Wëldschued
Mike Mathias

Mike Mathias

Deen héije Beamten aus dem Logements-Ministère iwwer d'Pläng fir eidel Wunnengen ze besteieren.
Charel Schmit

Charel Schmit

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) iwwer d'Rechter vu Kanner a Jugendlechen a Covid-Zäiten

Lisa Kersch

Nom LSAP-Kongress: e Gespréich mat der Kopresidentin vun de Jongsozialisten iwwer Duebelspëtzten a personell Erneierung.
Carole Dieschbourg

Carole Dieschbourg

No der Klimakonferenz (COP26) zu Glasgow: d'Fazit vun der Ëmweltministerin

Régis Moes

Den Historiker aus dem Staatsmusée (MNHA) iwwer de Lëtzebuerger Volet vun der belscher Kolonialgeschicht
Prënz Guillaume

Prënz Guillaume

Op sengem 40. Gebuertsdag: e Gespréich mam Ierfgroussherzog

Stéphane Pallage

De Rekter vun der Uni Lëtzebuerg iwwer d'Liewen um Campus a seng Decisioun, keen zweet Mandat unzestriewen.

Michel Wolter

D'Petitioun 2007 kann zanter Mëtternuecht net méi ënnerschriwwe ginn. Si war fir d'CSV e Stëmmungs-Barometer. Wat seet d'Zuel vu Signaturen aus?