Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Black Pumas - More Than A Love Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Gilles Roth

Gilles Roth

Als Oppositiounspolitiker konnt de Co-Fraktiounschef vun der CSV den Tripartite-Accord net mat verhandelen. Begréisst hien d'Mesuren, déi geholl goufen trotzdeem?
headphones

12 min

play_arrow

Laurent Schonckert

Mir froen den Direkter vum Cactus, ob d'Supermarchés-Chaîne dovu profitéiert, datt Clientë méi fir hir Akeef musse bezuelen.
Viviane Reding

Viviane Reding

No méi wéi 40 Joer ass Schluss: d'CSV-Politikerin zitt sech zeréck. E Réckbléck op eng laang europäesch an national Karriär
headphones

15 min

play_arrow

Diane Schmitt

D'Lëtzebuergerin koordinéiert bei der EU-Kommissioun d'Beméiunge fir de Mënschenhandel ze bekämpfen.
headphones

14 min

play_arrow

Claude Kremer

Dee laangjärege Member vum FLF-Verwaltungsrot a fréieren Arbitter wëllt President vun der Fussballs-Federatioun ginn. Hie kandidéiert de 15. Oktober géint de Paul Philipp.
headphones

15 min

play_arrow

Alain Fürpass

Den Direkter vu SUDenergie erkläert, wéi seng 38.000 Clienten op déi zolidd Hausse vum Gaspräis (vum 1. Oktober un) virbereet ginn.
headphones

13 min

play_arrow

Micky Thein

De Museksunterrecht ass gratis, ginn d'Museksschoulen elo iwwerlaf? Froen un déi nei Direktesch vun der UGDA-Museksschoul
headphones

14 min

play_arrow

Claude Meisch

Kuerz virun der Schoulrentrée 2022/2023: Froen un den Educatiounsminister
headphones

17 min

play_arrow
André Von der Marck

André Von der Marck

Vun e Sonndeg u fiert den Tram op Bouneweg. Wat sinn déi nächst Etappen? E Gespréich mam Generaldirekter vu Luxtram
headphones

16 min

play_arrow

Claude Haagen

D'Reaktioun vum Sozialminister op den Echec vun de Verhandlungen tëschent der CNS an dem Psychotherapeute-Verband Fapsylux
Catherine Richard

Catherine Richard

Nom Echec vun de Verhandlunge mat der CNS a Saache Prise en charge vun de Psychotherapien: d'Reaktioun vun der Presidentin vun der Fapsylux.
headphones

13 min

play_arrow

Fenn Faber

Den Direkter vun der Klima-Agence (Ex-Myenergy) erkläert, wéi staark d'Demande no Berodung am Energieberäich mam Ukrain-Krich zougeholl huet.

Fernand Ernster

D'Stater Braderie, d'Situatioun vum Eenzelhandel an d'Erwaardungen un d'Tripartite: e Gespréich mam Geschäftsmann (Libraire) a Vize-President vun Handelskammer an CLC.
headphones

18 min

play_arrow
Meris Sehovic

Meris Sehovic

De Co-President vun déi gréng erkläert ë. a., firwat seng Partei nach virun der Tripartite eng Direkthëllef fir Leit mat klengem a mëttlerem Akommes duerchsetze wëllt.
headphones

16 min

play_arrow
Yves Nosbusch

Yves Nosbusch

De Chefekonomist vun der BGL BNP Paribas iwwer déi héich Inflatioun, d'Elementer déi se dreiwen, d'Zënsentwécklung, déi se kéint bremsen, an den Impakt dovun op d'Kreditter.
headphones

18 min

play_arrow
Simeon Hagspiel

Simeon Hagspiel

Wéi sécher ass eis Versuergung mat Gas a Stroum? Froen un de Regierungskommissär fir Energie
headphones

17 min

play_arrow
Patrick Sanavia

Patrick Sanavia

Den Direkter vum Institut national pour le patrimoine architectural, dem fréiere Service des Sites et monuments, iwwer d'Ëmsetzung vum neien Denkmalschutzgesetz.
headphones

16 min

play_arrow

Blanche Weber

Trotz Rekordtemperaturen an héijen Energiepräisser léisst sech kee wierklecht Ëmdenken an der Klimafro erkennen. Dozou e Gespréich mat der Presidentin vum Mouvement écologique.
headphones

17 min

play_arrow

Patrick Dury

No der Bipartite-Reunioun tëschent Regierung a Gewerkschaften: Froen un den LCGB-President.
headphones

16 min

play_arrow
Maurice Deville

Maurice Deville

No 15 Joer an Däitschland kënnt de Fussball-Nationalspiller zeréck bei de Swift Hesper, dee Veräin, fir deen hie schonn als Kand gespillt huet.
headphones

16 min

play_arrow