Radioen

On air

Nei Musek  |  Let There be Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Thierry Hoscheit

D'ALIA geheit RTL vir, si hätten d'Parteie virun de Gemengewalen net d'selwecht behandelt. Wéi eng Reegele ginn et do iwwerhaapt? Dat froe mir de President vun der Medienautoritéit.
headphones

15 min

play_arrow

Amy Winandy

D'Gemengewalen sinn net gutt gelaf fir déi gréng. Wat kënne si fir d'Chamberwale besser maachen? Mir froen d'Spriecherin vun déi jonk gréng.
headphones

12 min

play_arrow

Alexandra Oxacelay

Hunn d'Covid-Kris an déi héich Präisser an de leschte Méint dozou bäigedroen, datt méi Leit an d'Aarmut gefall sinn? Mir froen d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss.
headphones

13 min

play_arrow

Romain Nati

Den Direkter vum Stater Centre Hospitalier geet fir d'LSAP mat an d'Walen. Fir wéi eng Gesondheetspolitik wëllt hie sech asetzen?
headphones

12 min

play_arrow

Georges Bock

Den Nohaltegkeetsrot fuerdert, datt Verschmotzung a Ressourcëverbrauch méi staark besteiert ginn. Wéi kann een dat maachen? Mir froen den zoustännege Member vum CSDD.
headphones

14 min

play_arrow

Marc Fischbach

De President vun der COPAS, dem Daachverband vun de Prestatairen an der Betreiung a Fleeg vun eelere Leit, mat Kritik um neie Gesetz iwwer d'Qualitéit vun de Servicer
headphones

16 min

play_arrow

Claude Meisch

Den Educatiounsminister iwwer d'Alphabetisatioun op Franséisch, de Modell vun den ëffentlechen europäesche Schoulen an de Pro a Contra vun engem Handyverbuet
headphones

16 min

play_arrow

Fred Keup

Den ADR-President iwwer déi rezent Partei-intern Turbulenzen an d'Strategie fir d'Chamberwalen.
headphones

16 min

play_arrow

Pierre Barthelmé

Froen un de President vun der Konkurrenz-Autoritéit, där hir Enquête iwwer den Immobiliesecteur d'lëscht Woch Welle geschloen huet.
headphones

15 min

play_arrow

Frank Engel

Nom Fokus-Kongress vun e Samschdeg: wat proposéiert déi nei Partei a Saache Logement, Steieren, Bildung oder Santé? A wéini presentéiert se hir Lëschten?
headphones

17 min

play_arrow

Steve Thull

De Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Arméireform, déi haut an der Chamber gestëmmt wäert ginn.
headphones

16 min

play_arrow

Barbara Agostino

Froen un déi nei DP-Deputéiert, déi de 27. Juni vereedegt gouf. An déi eng Vergaangenheet am Fussball huet: Dat passt um Dag, op deem d'Frae-WM ufänkt.
headphones

15 min

play_arrow

Roy Reding

Den Ex-ADR-Deputéierten iwwer de Clinch mat senger fréierer Partei an de Lancement vu senger neier Beweegung Normal 0 false fa
headphones

15 min

play_arrow

Corinne Cahen

Vun der Familljeministesch zur Stater Sozialschäffen: d'Funktiounen änneren, d'Zoustännegkeete bleiwen.
headphones

15 min

play_arrow

Christophe Schiltz

De President vum Staatsrot reagéiert op ënnerschwelleg an oppe Kriticken un der Aart a Weis, wéi (séier) seng Institutioun schafft.
headphones

14 min

play_arrow

Jean-Luc de Matteis

Wéinst den héijen Zënse gëtt am Moment manner gebaut. Riskéieren doduerch vill Aarbechter hir Plaz ze verléieren? Mir froen den zoustännege Zentralsekretär vum OGBL.
headphones

15 min

play_arrow

Charel Weiler

Mir froen deen neie Buergermeeschter vun Dikrech, ob seng Majoritéit weiderhin hanner der Nordstad-Fusioun steet.
headphones

14 min

play_arrow

Gérard Zens

An der Internationaler Schoul zu Déifferdeng an Esch hu méi Primaner hiert Joer gepackt, wéi an anere Lëtzebuerger Lycéeën. Mir froen den Direkter vun der EIDE, firwat dat esou ass.
headphones

17 min

play_arrow

Paulette Lenert

Mir froen d'LSAP-Spëtzekandidatin,firwat si bis elo net méi inhaltlech Schwéierpunkte gesat huet, an op si dat virun de Walen nach wëllt maachen.
headphones

23 min

play_arrow
Carole Hartmann

Carole Hartmann

Mat der DP-Generalsekretärin schwätze mir iwwer de Liberalen hir Walkampf-Fuederungen a firwat si déi als Regierungspartei nach net ëmgesat hunn.
headphones

20 min

play_arrow