An eiser Gudder Fro vun haut geet et ëm e Geste dee mer, ech ka bal soen, praktesch all Dag maachen, an zwar datt mer engem anere Mënsch fir Moien ze soen d’Hand ginn.
Wa mer engem begéinen, da gi mer op en duer a strecken him d’Hand dohinner an deen anere mécht dat meeschtens och, an bannent e puer Sekonn huet een, am Fong e Kontakt gemaach. Mä firwat ass datt dann esou, datt wa mer engem d’Hand ginn an d’Hand och nach drécken?
Mä hannert dësem usech ganz normale Geste stécht awer eng iwwerraschend al Geschicht hannendrun, an déier et ëm Mësstrauen a Vertrauen a geet an de Jean Claude Majerus weess méi doriwwer.