Kënnt Dir Iech drun erënneren, datt Iech mat 8 oder 10 Joer Summervakanz esou laang virkoum an datt Dir vun Enn August un d’Deeg gezielt hutt, bis endlech nees d’Schoul ugefaangen huet. An haut, wéi ass et haut? D’Rentrée ass do a schwupp schonn ass Chrëschtdag an da maacht Dir d’Aen eng Kéier op an zou a schonn ass d’Joer eriwwer. Hutt Dir net och d’Impressioun, datt wat Dir méi al gitt, datt d’Zäit méi séier vergeet, esou wéi wann een op eiser Liewens-Telecommande de Knäppchen FF fir Fast Forward gedréckt hätt. Genee déi Fro hei gestallt. Mee direkt elo scho: d’Physik ass formell; d’Zäit geet net méi séier, eng Minutt huet ëmmer 60 Sekonnen an eng Stonn 60 Minutten. Wou awer déi Impressioun hierkënnt, datt d’Zäit am Alter méi séier géif ticken, datt erkläert de Jean Claude Majerus .
arrow_back_ios
Gutt Fro
Vergeet d'Zäit am Alter méi séier?
Lauschteren
play_arrow
headphones
7 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Firwat schlofen engem d'Féiss an, de Kapp awer net?
Well mir hunn de Kapp dach dacks a Positioune leien, wou ee sech kéint virstellen, datt dat selwecht géing geschéie wéi beim Fouss oder Been.
Firwat danze Männer am klassesche Ballet net op Pointen?
Déi Gutt Fro vun haut: Firwat danzen am klassesce Ballet Männer praktesch ni Pointen?
Vergeet d'Zäit am Alter méi séier?
Et geet ëm d'Impressioun, déi vill Mënschen hunn, datt an der Jugend Zäit ganz lues vergeet, se am Alter dergéint galoppéiert.
Drénke Fësch oder net?
Hu Fësch iwwerhaapt Duuscht an drénke se och, wa se de ganzen Dag am Waasser sinn.