arrow_back_ios

Gutt Fro

search / Gutt Fro

/ Firwat stinn d'Buschtawen op enger Tastatur net alphabeetesch?

Firwat stinn d'Buschtawen op enger Tastatur net alphabeetesch?

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Hutt Dir Iech och schonn heiansdo heemlech Froe gestallt, déi Dir Iech awer net getraut hutt, se haart ze soen. Abee dat ännert sech elo iwwer de Summer hei um Radio 100,7 mat der Rubrik “Eng gutt Fro“. De Jean Claude Majerus sicht zweemol an der Woch Äntwerten an Erklärungen op Froen, déi am Normalen ni gestallt ginn. An déi éischt gutt Fro vum Summer huet mam Schreiwen ze dinn: an zwar mam Schreiwen op ale Schreifmaschinnen, I-Paden, PCen, Laptoppen oder Smartphonen, asw. Wann Dir en Text schreift, da spréngt Iech jo bei den Tasten e gellegen Duercherneen an d’A. An dofir d’Fro: firwat fänkt d’Alphabeet op enger Tastatur net einfach bei A un, da B, C, D… bis bei Z.? Wier dat net méi logesch fir ze tippen?

mic_none

Presentéiert vum

Episod