Den Echterjazz Festival am Trifolion zu Iechternach 20.02.2025 - 20h00 Et ass mëttlerweil déi fënneft Editioun vum Echterjazz Festival, fir déi wärend 3 Deeg vum 27. Februar bis den 1. Mäerz am Trifolion erëm alles am Zeeche vum Jazz steet.
Caleb Wheeler - Alexi Tuomarila - Coltrane 13.02.2025 - 20h00 Eng Episod queesch duerch de Gaart mat engem wonnerbare Pianist a sengem neien Album, engem nach jonke Saxofonist mat sengem Trio a mam John Coltrane sengem méi onbekannten Disk “Settin the Pace”.
Sonny Stitt, déi jonk Band Alawari an de Pianist Benjamin Lackner 06.02.2025 - 20h00 De Saxofonist Sonny Stitt kréich 101 Joer an dowéinst lauschtere mir eng live Opnam vun him mam Oscar Peterson Trio. Weider huet déi jonk Band Alawari hiren Disk “Lewiathan” erausbruecht ...
Bobby Hutcherson, Dave Holland mam Lionel Loueke a Chris Cheek 30.01.2025 - 20h00 Dës Woch hätt de Bobby Hutcherson 84 Joer kritt. Als Visionär um Vibrafon a Marimba huet hie vun den 1960er Jore seng Stëmm ënner anerem fir de Label Blue Note fonnt.
Ben Wendel,Pat Metheny,Bob Brookmeyer a Reis,Demuth,Wiltgen 16.01.2025 - 20h00 An dëser Episode lauschteren de Pol Belardi an de Pit Dahm en neien Album vum Saxophonist Bend Wendel, live aus dem Village Vanguard zu New York.
Cannonball - Frederico Heliodoro - Jacob Mann Vol 3 09.01.2025 - 20h00 E Klassik mam Cannonball Adderley an dem Milt Jackson: “Things are getting better”. Dann nach nei Musek vum Brasilianer Frederico Heliodoro an dem Jacob Mann säi Big Band Album, greatest hits Vol.3.
Mehldau-Turner-Bernstein, Jazz Crusaders an de Christian Sands 02.01.2025 - 20h00 De Brad Mehldau, Mark Turner a Peter Bernstein brénge mam Larry Grenadier am dem Bill Stewart mat "Solid Jackson" en neien zolitten Album eraus, 20 Joer no hirem éischten Zesummekommen.
Jazzy Christmas 26.12.2024 - 20h00 Op Stiefesdag eng leschte Kéier e bësse festlechen Jazz: De Pol Belardi proposéiert seng Liblings-Christmas-Standards, fir eng leschte Kéier vun der besënnlecher Zäit ze profitéieren.
Tony Williams Lifetime, The Bad Plus an de Frank Sinatra 12.12.2024 - 21h00 Dee feirege Batteur, dee schonn mat 17 Joer mam Miles Davis gespillt huet, gouf den 12. Dezember 1945 gebuer - The Bad Plus huet e ganz neien Album dobaussen a fir besënnlech Stëmmung suergt de Frank Sinatra.
Wynton Kelly - Salomea - “Take 6” 05.12.2024 - 20h00 De Pianist hätt dës Woch 93 Joer kritt - Déi däitsch Band Salomea huet en neien Album eraus - a fir d’Chrëschtdagssaison däerf “Take 6” net feelen.
Ray Brown, Tord Gustavsen an Tower of Power 28.11.2024 - 20h00 En enorme Kontrabass-Sound a Swing, en neien Album an d'Urgesteng vum Funk, Soul a Groove
Den Jazz-Fotograf Guy Fonck 21.11.2024 - 20h00 Hien ass am Interview fir säin neit Buch virzestellen: “Focus on Women in Jazz”, wonnerbar schwaarz-wäiss Portraite vu Fraen op den Jazzbünen iwwer eng Period vu 45 Joer.
Doud vum Quincy Jones 07.11.2024 - 20h00 De Pol Belardi an de Pit Dahm hunn e puer Stécker aus dem Quincy Jones sengem gigantesche Schafen erasugesicht fir speziell un hien ze denken.
De Miguel Zenon, den Charles Mingus an de Michael Mayo 31.10.2024 - 20h00 De puerto-ricanesche Saxofonist Miguel Zenon huet seng Spueren an der amerikanescher Jazz-Landschaft gelooss a mat “Golden City” eng wonnerbar Plack erausbruecht, déi d'Geschicht vu San Francisco kritesch verschafft.
Genuddels a Gejiips 24.10.2024 - 20h00 Nei Msuek vun Roy Hargrove, der Carsten Dahl Experience an dem Keith Jarrett
Genuddels a Gejiips 17.10.2024 - 20h00 Walter Smith III, Art Blakey & Thelonious Monk, Ben van Gelder & Reinier Baas
Nei Musek vu Robert Glasper a Bill Charlap ... 10.10.2024 - 20h00 ... an dem Coltrane säi Gebuertsdag
De Bud Powell, Tarbaby an de Webster/Tatum Quartet 03.10.2024 - 20h00 Enn September wier de Bud Powell 100 Joer al ginn: Galiounsfigur vum Be-Bop um Piano. Hien huet et awer leider just bis 42 gepackt, eis awer trotzdeem eng Ierfschaft hannergelooss, déi fir ee ganze Stil steet.
Nei Musek vu Robert Glasper a Bill Charlap ... 26.09.2024 - 20h00 ... an dem Coltrane säi Gebuertsdag