Den Jack DeJohnette kennen déi meescht wuel aus dem legendäre Standardstrio mam Keith Jarrett a Gary Peacock. Mee hien hannerléisst een Opus aus Honnerte vu Studio- a Liveopnamen, Projeten esou divers wéi se nëmme kënne si: vu Free Jazz iwwer Hard Rock bei New-Age-Experimenter, déi souguer ee Grammy aspillen. Dat un der Säit vu Leit wéi Charles Lloyd, Bill Evans, Miles Davis, Pat Metheny an nach ville méi ... Grond genuch ee klengen Iwwerbléck an eng kleng Selektioun un Opname mat Iech Nolauschterer ze deelen! Presentéiert vum Pol Belardi.
Playlist:
1.Charles Lloyd - Forest Flower (Sunrise)
2. Bill Evans - On Green Dolphin Street
3. The DeJohnette Complex - The Major General
4. Miles Davis - Directions
5. Jack DeJohnette - Fantastic
6. Keith Jarrett - This Masquerade is Over
7. Jack DeJohnette - New Muse
8. Jack DeJohnette "Made in Chicago" - Ten Minutes (live)
9. DeJohnette - Grenadier - Medeski - Scofield "Hudson" - Woodstock