Genuddels a Gejiips
Den Jazz-Fotograf Guy Fonck
60 min
De Guy Fonck ass scho laang Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Jazzzeen, awer net op der Bün, mee éischter hannendrun oder virdrun.
Hie war laang Member a spéider President vum Jazz-Club Lëtzebuerg, där Associatioun, déi zanter de spéiden 1960er Joren den internationalen Jazz op d'Lëtzbuerger Büne bruecht huet. Hie souz och 8 Joer laang hanner dem Mikro vum Radio 100,7 mat där éischter Jazz-Emissioun.
Hien ass am Interview fir säin neit Buch virzestellen: “Focus on Women in Jazz”, wonnerbar schwaarz-wäiss Portraite vu Fraen op den Jazzbünen iwwer eng Period vu 45 Joer.
Presentéiert vum Pol Belardi
Playlist:
1. Carla Bley - Fleur Carnivore
2. Airelle Besson - Try
3. Lakecia Benjamin feat. Dianne Reeves - Mercy
4. Linda May Han Oh - Circles
5. Geri Allen + Kurt Rosenwinkel - Open-Handed Reach
Presentéiert vum
- Pol Belardi