Muer ass den terroristeschen Ugrëff vun der Hamas op Israel dräi Joer hier. Ronn 1.200 Leit goufen an Israel ëmbruecht, iwwer 250 anerer goufen als Geisele geholl a an d'Gazasträif entféiert. Dësen Ugrëff huet de Gaza-Krich ausgeléist.
Och wann zënter Oktober zejoert e Waffestëllstand gëllt, ginn et nach ëmmer déidlech Attacken. An d‘Situatiounen an der Gazasträif an am Westjordanland ass dramatesch. Zéngdausende vun Doudeger, vill Kanner, an onvirstellbar Liewensbedingunge fir d’Palästinenser a keen Enn ze gesinn.
De Gilbert Pregno, Mënscherechtler a Psychotherapeut, freet sech am Fräie Mikro, wéi wäit e Land goe kann, wann et ugegraff gëtt a sech verdeedege muss. A wéi grouss ass eis Toleranz, wann et esou vill Mënscherechtsverletzunge ginn?