Fräie Mikro
Dialog mam Bierger
5 min
D’Regierung huet wëlles, deemnächst de Quorum vun Ënnerschrëfte bei Petitiounen op 5.500 eropzesetzen. Dat Instrument vun direkter Demokratie huet sech bewäert, wann een de Succès un der Zuel vun de Petitioune moosst, déi an der Chamber debattéiert ginn. Mee ass dat ëmmer de richtege Wee, fir d’Problemer ze léisen? A wéi wäert den Dialog mam Bierger ronderëm d’Pensiounsreform duerch eng elektronesch Plattform lafen? Dat freet sech de Journalist an Auteur Laurent Moyse a sengem Fräie Mikro.