Fräie Mikro
Männergewalt géint Fraen
4 min
Gewalt huet vill Gesichter an et fënnt een se iwwerall: Doheem, op der Aarbecht, am ëffentleche Raum, am Internet.
D’Affer sinn dacks Fraen oder Meedercher. Bannent der EU huet all drëtt Fra schonns physesch oder sexuell Gewalt erlieft - meeschtens vum Partner selwer.
Dat geet aus enger Enquête vu virun zéng Joer ervir. Zanterhier huet sech net vill verännert.
An hirem Fräie Mikro befaasst d’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender sech mat der Fro vun der Roll vun de Männer a Männlechkeetsbiller bei systematescher Gewalt vu Männer géint Fraen.