Den éischte Fiasko Fest Live am TNL ass mam Laurent Agostino. Dem Luc Spada säin Invité schwätzt ganz offen doriwwer, wéi et ass behënnert ze sinn a wat dat genau heescht. Hie fënnt et richteg vill iwwert sech a seng Behënnerung ze schwätze fir och deene Persounen ze hëllefen, déi sech do méi schwéier dinn. Souwuel matt dem Fakt selwer behënnert ze sinn, wéi och domadder, wéi een d’Wierder richteg benotzt. En déift Gespréich iwwer Liewen, Doud an déi Momenter, wou en ufänke muss, déi Situatioun unzehuelen, déi engem gebuede gëtt. Ganz an der Iddi vun: Entweder du gëss eens domat oder net. Kloer ass, dës Emissioun vu Fiasko Fest ass online an der Mediathéik an iwwerall do, wou dir gäre Podcasts lauschtert, als ongeschnidde Live Versioun ze lauschteren.