Fiasko Fest
02E19 Mir scheiteren ëmmer nach: Daniel Balthasar an Nathalie Oberweis
51 min
D’Nathalie Oberweis huet lescht Joer hiert Mandat am Stater Gemengerot opginn. Zanterdeem huet si méi Zäit, schafft elo als Proff an awer vermësst si et keng Plattform méi ze hunn. Dat ass et nämlech wat ee brauch, wann een eppes bewierke wëllt an deene Leit eng Stëmm ginn, déi keng hunn.
Ganz aner Ziler huet den Daniel Balthasar, dee virun allem eppes wëllt: Musek maachen. Ouni Musek ass hien net ze erdroen, seet hien iwwer sech selwer. Mee wisou interesséiert hie sech trotzdeem net fir déi grouss Karriär?