arrow_back_ios
Fiasko Fest
02E10 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Galles a Jill Crovisier
De Paul Galles war Paschtouer, huet bei der Caritas geschafft an ass haut: Politiker. Hie wëllt sech, esou platt et och klengt, fir eng besser Welt asetzen. Hie weess awer, datt dat net ëmmer esou einfach ass. Och net fir dat eegent Privatliewen. Déi zweet Invitée ass d’Dänzerin Jill Crovisier, déi haut zu kengem Moment bereit sech voll a ganz enger Karriär als Dänzerin a Choreographin verschriwwen ze hunn. Mee och dat huet Konsequenzen. De Luc Spada freet méi genee no.
Episoden
02E10 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Galles a Jill Crovisier
Et geet ëm eng besser Welt an dorëms sech voll a ganz enger Saach ze verschreiwen.
S02E09 Mir scheiteren ëmmer nach: Mia Kinsch an Tom Hecker
Et geet ëm Konscht, Feminismus, plakeg sinn an Haass aus dem Internet.
S02E08 Mir scheiteren ëmmer nach: Karolina Markiewicz an Anne-Marie Reuter
E Gespréich iwwer d'Gesellschaft, d'Konscht an och d'Frustratioun vum Moment
S02E07 Mir scheiteren ëmmer nach: Jo Kox a Betty Fontaine
Et geet ëm Liewe voller Ängschten a Risiken.
S02E06 Mir scheiteren ëmmer nach: Eric Mangen an Jil Scheuer
Et geet ëm verpasste Geleeënheeten, Ängschten an d'Erkenntnis, datt alles konstant am Wandel ass
S02E05 Mir scheiteren ëmmer nach: Larisa Faber a Pit Romersa
E Liewe verleeft net ëmmer no Plang, mee dat muss och näischt Schlechtes sinn
S02E04 Mir scheiteren ëmmer nach: Bernard Michaux an Nina Tomàs
Et klappt net ëmmer alles an heiansdo ass et schwéier. Bereie muss een awer trotzdeem näischt. De Filmproduzent an d'd'Kënschtlerin am Gespréich
S02E03 Mir scheiteren ëmmer nach: Djuna Bernard a Melody Hansen
Et muss ee léieren ze verléieren a Grenzen ze zéien. Um Enn ass awer alles e Léierprozess. D'Politikerin an d'Chefredaktesch am Gespréich
S02E02 Mir scheiteren ëmmer nach: Paulette Lenert an Nora Schleich
Wéi fillt et sech un ze verléieren, a firwat ass et och mol wichteg, net ze wëssen, wéi et weidergeet.
S02E01 Mir scheiteren ëmmer nach: Ana Pinto an Nabila Özen
E Gesrpéich iwwer haislech Gewalt, Famillen an Nout an Affer sinn.
S01E20 Mir sinn all Loser: Jérôme Beck a Cest Karma
E Gespréich iwwer d'Froe vum Alter a wéi ee mat den Erwaardungen eens gëtt.
S01E19 Mir sinn all Loser: Gilles Pegel a Sarah Schleich
E Kënschtler, deen ënner dem Radar flitt an eng Kënschtlerin, déi och Proff ass.
S01E18 Mir sinn all Loser: Richard Döhmer an Anouk Wagener
Scheitere gehéiert dozou, am beschten deet et awer net ze wéi.
S01E17 Mir sinn all Loser: Patrick Michaely a Roland Meyer
Wat soll nach kommen a war fréier alles besser?
S01E16 Mir sinn all Loser: Jean-Louis Zeien a Roxanne Peguet
E Gespréich iwwer Mënschen, deenen et net gutt geet, eng besser Welt, a wat no de leschte Wierder iwwreg bléift.
S01E15: Carole Chaine a Ben Olinger
Mir schwätzen iwwer Gefiller, iwwer Angscht, iwwer Schüler:innen a Proffen.
S01E15 Mir sinn all Loser: Carole Chaine a Ben Olinger
Et geet ëm Gefiller, Angscht an och dorëms, wéini et besser ass näischt ze soen.
S01E14 Mir sinn all Loser: Antonia Ganeto a Franziska Peschel
E Gespréich iwwer Pausen a Gemittlechkeet, déi och mol ze vill ka sinn.
S01E13 Mir sinn all Loser: Chaild a Lea Linster
Vu Weeër, déi scho gaange goufen, a vun aneren, déi een nach goe muss.
S01E12 Mir sinn all Loser: Dr. Carole Bauer an Tullio Forgiarini
D'Relatioun tëschent Liewen an Doud an e Gespréich, bei deem vill geschwat gëtt.
- 1
- 2