Labubu 16.09.2025 - 16h40 Deene klenge Figure kënnt een aktuell net aus dem Wee. No der Rentrée wollt de Simon Larosche vun de Jonke wëssen, wat si vun deem Trend halen.
Insekten am Summer 08.07.2025 - 16h45 Summer bedeit net nëmme waarm Temperaturen, Plage a flott Aktivitéiten dobaussen, mee och Insekten, wéi Harespelen, déi een nerven. Wéi kann een sech virun deene schützen?
Ofkillung 01.07.2025 - 16h45 Aktuell ass et richteg waarm, do ass et eng gutt Iddi sech ofzekillen. Mee wéi? Dat huet de Simon Larosche bei de Jugendlechen nogefrot.
Nationalfeierdag 17.06.2025 - 16h45 Den 23.06. an um Virowend gëtt nees de Lëtzebuerger Nationalfeierdag gefeiert. Mee wat bedeit dësen Dag de Jugendlechen?
Archiven 10.06.2025 - 16h45 Wéi stelle sech Jugendlecher d'Aarbecht an engem Archiv vir? Wësse si iwwerhaapt, wat alles an engem Archiv geschitt?
Uebst iessen 03.06.2025 - 16h45 Uebst ass gesond. Mee iessen déi Jonk dann och nach Uebst a wéi vill?
Handyverbuet 27.05.2025 - 16h45 Wéi kucken déi Jugendlech op de geplangten Handyverbuet an de Schoulen?
De Vëlo 20.05.2025 - 16h45 Fuere Jonker nach mam Vëlo, a fillen si sech dee Moment sécher? An hunn si selwer e Vëlo oder léinen se sech éischter e vel'OH aus? De Simon Larosche huet nogefrot.
Neie Poopst 13.05.2025 - 16h45 "Habemus Papam" huet et lescht Woch geheescht, mir hunn en neie Poopst. Mee wéi gesinn déi Jonk dat? Interesséiert si dat iwwerhaapt?
Serientipps 15.04.2025 - 16h45 Elo an der Vakanz huet ee jo méi Zäit, zum Beispill fir Serien ze kucken. Mee wéi eng?
Ouschtervakanz 08.04.2025 - 16h45 D'Schüler:innen hunn elo an der Vakanz fräi. Wat maachen si elo déi nächst zwou Wochen? A wat bedeit hinnen eigentlech Ouschteren?
Zäitëmstellung 01.04.2025 - 16h45 De Weekend sinn d'Auere vun der Wanter- op d'Summerzäit gestallt ginn. Hunn déi Jonk dat matkritt a wat hale si dovunner?
Militärdéngscht an Arméi 18.03.2025 - 16h45 Wéi gesinn déi Jonk dat, datt méi Suen an d'Verteidegung solle gestach ginn?
Elon Musk 11.03.2025 - 16h45 E Personnage, dee scho méi laang polariséiert. An elo nach eemol méi, mat senger Roll an der amerikanescher Politik.
Méi Sport am Lycée? 04.03.2025 - 16h45 Den Educatiounsminister Claude Meisch huet en neit Konzept virgestallt, nodeem an Zukunft eng drëtt Sportsstonn am Lycée soll bäikommen. Wat halen déi Jonk dovunner?
Fuesent 25.02.2025 - 16h40 Eng Zäit, iwwer déi d'Meenungen ausernee ginn. Mee wéi stinn déi Jonk zu Fuesent?