No engem reegelrechte Verhandlungsmarathon huet et um Enn awer nach geklappt: D’Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner si sech de Mëttwoch eens ginn iwwer en europäescht Klimazil fir 2040 - um Dësch läit elo eng ofgeschwächte Versioun vun deem, wat ursprünglech geplangt war.
D’Stéchwuert fir d’Ännerungen, déi um Enn d’Skeptiker ënner de Memberlänner iwwerzeegt hunn, ass Flexibilitéit. D’Länner an domat d’Entreprisë solle manner strengen, manner rigide Reegelen ënnerworf ginn.
Mee wat gouf eigentlech festgehalen - a wat heescht dat elo fir d’Klimakonferenz a Brasilien, déi virun der Dier steet?