Zu Aarhus an Dänemark gouf déi dänesch EU-Presidence mat offiziellen Zeremonië lancéiert. Mat derbäi war och den ukrainesche President Wolodymyr Zelenskyj. Eng vun den Erausfuerderunge wäert et sinn, den ungaresche Blockage vun EU-Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain ze briechen.
Wat weider vun där dänescher Presidence ze erwaarden ass, doriwwer schwätze mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.