Findel: Gepäckkontroll no neien EU-Krittären 26.10.2020 - 07h20 D'Kontroll vun de Gepäckstécker ass eng vun de wichtegste Sécherheets-Aufgabe vu Flughäfen. Um Findel ass dee Security check neierdéngs méi performant, wéi bis elo.
Wéi reagéiert d'EU op d'Hausse vun de Corona-Zuelen? 23.10.2020 - 07h20 An der ganzer EU klëmmt d'Zuel vun den Nei-Infektiounen mam Coronavirus. Wéi gëtt an den eenzelen EU-Länner a wéi gëtt zu Bréissel dorop reagéiert?
Den Handel mat Päss oder Visaen 22.10.2020 - 07h20 D'EU brauch Reegelen déi verhënneren, datt Länner Geschäfter mat gëllene Päss oder Visae kënne maachen, fannen eng Partie Europaparlamentarier.
Tilly Metz am Gespréich 21.10.2020 - 07h20 D'Europaparlament an d'Memberlänner si sech net eens iwwer déi europäesch Agrarreform. Mir hu mat der Europadeputéiert vun deene Grénge geschwat.
Covid-19 als Katalysator fir méi propper Loft? 20.10.2020 - 07h20 De Confinement huet deels zu enger méi propperer Loft geféiert. Ëmweltaktivisten hoffen, datt d'Pandemie dozou bäidréit, datt EU-Direktive verbessert ginn.
Vill Kritik um Projet de loi fir kollektiv Recoursen 19.10.2020 - 07h20 Dat esou wuel vum Konsumenteschutz a vum Patronatsverband UEL, wéi och vum Conseil de la Concurrence. Dobäi ass eng europäesch Direktiv ënnerwee.
Les coulisses de l'Europe 17.10.2020 - 07h20 Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kënnt op den EU-Sommet zeréck. Do stoungen déi zukünfteg Bezéiungen tëschent der EU a Groussbritannien um Programm.
Haarde Coup fir d'Stad Stroossbuerg 16.10.2020 - 07h20 D'Europaparlament huet decidéiert, déi nächst Woch net op Stroossbuerg ze goen. Zanter aacht Méint war keen EU-Parlamentarier méi do.
Gréng, orange, rout: neien EU-System fir Risikogebidder auszeweisen 15.10.2020 - 07h20 En neie System soll fir Uerdnung suergen am europäesche Chaos vu Risikogebidder. Mee Lëtzebuerg ass net zefridden domat.
Europa-Interview: Christophe Hansen 14.10.2020 - 07h20 Wat ass europapolitesch zur Ried vun der Lag vun der Natioun ze soen? Dat froe mir den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen.
Corona mécht regional Ënnerscheeder méi grouss 13.10.2020 - 07h20 D'Corona-Pandemie huet d'Regiounen an der EU ganz ënnerscheedlech getraff. En neien regionalen Eurobarometer liwwert Detailer doriwwer.
Regioun Oberes Moseltal: "Hei kann een Europa spieren" 12.10.2020 - 07h20 Reportage vun der Musel: D'Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an Däitschland kritt neie Schwong mam Entwécklungskonzept Oberes Moseltal a sengem neie Regionalmanager.
"De Physik-Nobelpräis hätt sollen un d'EU goen" 10.10.2020 - 07h20 Chercheuren, déi iwwer d'Schwaarzt Lach gefuerscht hu, kruten en Nobelpräis. Mee och den EU-Rechtsstaat "à géométrie variable" hätt eng Auszeechnung verdéngt, fënnt den Olivier Hanrion.
Europa Aktuell: Ambitiéisen Zäitplang 09.10.2020 - 07h20 Däitschland viséiert ee politeschen Accord iwwert déi ëmstridde Reform vum europäeschen Asylsystem bis Enn des Joers un. Dat ass ambitiéis.
Paritéit bei de Payen: Et ass nach net fir muer! 08.10.2020 - 07h20 An der EU verdéngen Fraen an der Moyenne baal 15 Prozent manner ewéi Männer. Gewerkschafte fuerderen verbindlech Regelen, fir dogéint virzegoen.
Europa-Interview 07.10.2020 - 07h20 D'EU soll méi determinéiert géintiwwer dem ungaresche Premier Orban optrieden, fënnt d'Katarina Barley, Europadeputéiert a fréier däitsch Justizministerin.
Europaparlament: Mir si prett virun ze verhandelen 06.10.2020 - 07h20 D'Positioun tëscht dem Europaparlament an de Memberlänner iwwert den EU-Budget leien nach ëmmer auseneen. Dat huet een Debat gëschter am Parlament gewisen.
Lëtzebuerg erëm vun Daitschland als Risikogebiet déclaréiert 05.10.2020 - 07h20 D'EU huet nach ëmmer keng eenheetlech Reegelung fir d'Ausweisen vu Corona-Risikogebitter. Enn September ass Lëtzebuerg fir di zweete Kéier vun Däitschland als Risikogebitt aklasséiert ginn.
Am Sprint op den europäesche Parquet 03.10.2020 - 07h20 Kuerz nodeems déi nei belsch Regierung vereedegt gouf, war de Premier Alexander De Croo schonn um EU-Sommet vun de Staats- a Regierungschefen dobäi.
EU gëtt sech eens iwwert Belarus-Sanktiounen 02.10.2020 - 07h20 No wochelaangen Diskussiounen ass sech d'EU gëscht awer iwwer Sanktiounen géint Persounen, déi responsabel sinn fir d'Gewalt an de Wahlbedruch a Belarus.