EU bréngt nei Sanktioune géint Russland op de Wee 23.02.2021 - 07h20 D'EU setzt fir d'éischte Kéier hire neie Mënschrechts-Saktiouns-Regimm an - géint Persounen, déi responsabel si fir d'Inhaftéierung vum Alexej Nawalny.
Drénkwaasser-Direktiv: "D'Hausaufgabe scho gemaach" 22.02.2021 - 07h20 Zanter méi wei zwee Méint gëllt déi nei Drénkwaasserdirektiv a bréngt eng Rei Erneierungen, dorënner och sécheren Zougang zum Drénkwaasser.
Astronaute gesicht 20.02.2021 - 07h20 2030 wëllt déi Europäesch Weltraum-Agence ESA eng Moundmissioun realiséieren.
Staat verkeeft seng Paul Wurth Participatioun 19.02.2021 - 07h20 De Lëtzebuerger Staat verkeeft seng 40 Prozent Participatioun un der Lëtzebuerger Traditiounsentreprise. D'Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg sollen awer ofgeséchert sinn.
Strukturelle Rassismus: Theema an de Lëtzebuerger Medien ukomm 15.02.2021 - 07h20 De Mount Februar gëllt am anglo-amerikanesche Raum mëttlerweil als Black History Month. Zu Lëtzebuerg gëtt sech och weider mam Sujet Rassismus auserneegesat.
De Mario Draghi als "homme providentiel" 13.02.2021 - 07h20 Italien huet zanter dräi Woche keng Regierung, mee et gëtt Hoffnung zanter de Mario Draghi den Optrag huet eng nei Ekipp zesummenzestellen.
Lescht Sendung fir Klubrádió? 12.02.2021 - 07h20 E Sonndeg wäert deen éischten Independant-Radio an Ungarn viraussiichtlech fir d'lescht op Sendung goen - ganz onfräiwëlleg.
Nom Brexit: Brittesch Kënschtler soen, si goufe falegeloss 11.02.2021 - 07h20 Grouss Stare bekloe sech, datt déi brittesch Regierung d'Kënschtler beim Brexit falegelooss huet, Et gëtt komplizéiert fir an der EU opzetrieden.
Europa Interview: Reinhard Bütikofer 10.02.2021 - 07h20 Et gëtt Kritik um EU-Chefdiplomat Josep Borrell no senger Visitt zu Moskau. E Gespréich mam Europadeputéierten a Member an der aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament
Arees-Restriktiounen an den Nopeschlänner 09.02.2021 - 07h20 D'Mutatioune vum Coronavirus bréngen nei Arees-Restriktioune mat sech. Wéi eng sinn dat, a wéi en Impakt hunn d'Corona-Mesuren op d'Leit, déi no un der Grenz wunnen?
Kritik un der Ursula von der Leyen 06.02.2021 - 07h20 D'EU-Kommissiounspresidentin steet wéinst der EU-Impfsstrategie ënner Beschoss. De RTBF-Chroniker Olivier Hanrion geet dorop an.
Europäesch Solidaritéit huet vill Gesiichter 05.02.2021 - 07h20 Huet d'EU alles richteg gemach an der Corona-Pandemie? A wéi steet et wierklech mat der Europäescher Solidaritéit? Doriwwer gouf op engem Webinar diskutéiert.
Exportrestriktioune fir Impfstoffer suerge fir weider Kritik un der EU 04.02.2021 - 07h20 Nei Reegele fir den Export vun Impfstoffer suerge fir weider Kritik un der EU-Kommissioun. Hir gëtt Protektionismus an Impfstoff-Nationalismus reprochéiert.
EU-Aktiounsplang géint de Kriibs 03.02.2021 - 07h20 D'Europäesch Kommissioun stellt deen haut vir: D'Besteierung vum Tubak iwwerschaffen, dofir ze suergen, datt manner gefëmmt gëtt, ass ee vun de Schwéierpunkten.
Europa Aktuell: EU blockéiert Patentrecher fir Impfstoffer 02.02.2021 - 07h20 A ville Länner kënnt bis elo guer keen Impfstoff géint Corona un. D'EU awer stellt sech queesch, fir Patentrechter fir d'Produktioun fräi ze ginn.
Europa Aktuell 01.02.2021 - 07h20 De Plastiksoffall dee net gesënnert ass dierf zanter Uganks des Joers net méi a méi aarme Länner exportéiert ginn. D'EU an och Lëtzebuerg hu sech deem ugepasst.
EU-Kommissioun leet sech mat AstraZeneca un 30.01.2021 - 07h20 An der Europachronik vun haut geet et ëm de Sträit tëscht EU-Kommissioun an AstraZeneca.
De SträIt mat AstraZeneka: D'Kommissioun zitt Konsequenzen 29.01.2021 - 07h20 De Sträit tëscht der EU-Kommissioun an dem IMpfstoffhiersteller AstraZeneka ass des Woch eskaléiert. Elo zitt d'KOmmissioun Konsequenzen. Wéi eng?
Meenungsfräiheet vs Kontroll op de Soziale Medien: Nei EU-Reegelen probéieren de Spagat 28.01.2021 - 07h20 D'EU wëll méi Kontroll iwwert Twitter, Facebook & Co a proposéiert ee ganze Pak vu Mesuren. Bleift d'Meenungsfräiheet trotzdeem nach garantéiert?
Europäesche Procueur: Am Mäerz net voll operationnell 27.01.2021 - 07h20 Den Europäesche Parquet wäert net, wéi geplangt den 1. Mäerz voll operationnel sinn. D'Länner hu nach net all hir Vertrieder nominéiert. Och Lëtzebuerg.