Radioen

On air

Tockcity  |  Rejjie Snow - Peace to the World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

D'Theema Europa am däitsche Walkampf

D'EU-Politik spill am däitsche Walkampf keng grouss Roll. Hunn d'Parteien iwwerhaapt Pläng fir d'Europäesch Unioun?

D'Theema Europa am däitsche Walkampf

D'EU-Politik spill am däitsche Walkampf keng grouss Roll. Hunn d'Parteien iwwerhaapt Pläng fir d'Europäesch Unioun?

Afghanesch Mënscherechts-Aktiviste schloen Alarm

D'EU soll net ewechkucken a sech vun den Taliban täusche loossen. Gefuerdert gëtt een onofhängege Mechanismus, fir iwwer Violatioune vu Mënscherechter ze enquêtéieren.

Afghanesch Mënscherechts-Aktiviste schloen Alarm

D'EU soll net ewechkucken a sech vun den Taliban täusche loossen. Gefuerdert gëtt een onofhängege Mechanismus, fir iwwer Violatioune vu Mënscherechter ze enquêtéieren.

D'Erausfuerderung vum Dolmetschen an der Pandemie

Online-Iwwersetzen: Den Aarbechtsalldag vun den Interpreten am Europaparlament huet sech wéi vill anerer verännert. Dat huet och seng Konsequenzen.

Nicolas Schmit: Et muss nogebessert ginn

Et gëtt Kritik um Klimapak vun der EU-Kommissioun, wat eventuell sozial Konsequenzen ugeet. Och den EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales, de Nicolas Schmit, huet Bedenken.

Kritik um geplangten Emissiounshandel fir Transport a Gebaier

D'Europäesch Kommissioun presentéiert haut ee ganze Pak vu Klimaschutz-Mesuren. Dozou gehéiert och den Ausbau vum Emissiounshandel. Dat ass awer net onëmstridden.

EU-Kommissioun plangt grousse Worf am Klimaschutz

Wéi kann d'EU hir Klimaziler erreechen? D'Ziler goufe bekanntlech erhéicht a muer stellt d'Europäesch Kommissioun ee ganze Pak vir - deen d'EU Fit fir 55 maache soll.

Den digitalen Euro

De Conseil vun der Europäescher Zentralbank soll iwwermuer Mëttwoch eng Decisioun huelen, ob de Projet vum digitalen Euro an eng nächst Phas geschéckt gëtt.

Een aneren Tour

Et gëtt den Tour de France, mee et gëtt och de "Von der Tour". Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF erkläert, wat dat ass.

EU-Agrar-Accord: Och a Frankräich gëtt et gemëschte Reaktiounen

Den Accord iwwer d'Zukunft vun der europäescher Agrarpolitik stéisst nach laang net iwwerall an der EU op Begeeschterung. Och net a Frankräich

EU-Rechtsstaat: Konkret Konsequenze fir Ungarn gefuerdert

D'EU muss direkt aktiv ginn, fir dofir ze suergen, datt sech Ungarn un EU-Standarden hält. Deen Appell kënnt vum Europaparlament.

Slowenien iwwerhëlt d'Presidence vun der EU

Dat mécht net nëmme verschidden Europadeputéierte Suerge mécht. Gëschter gouf de Programm am Europaparlament presentéiert.

Reuse, reduce, recycle

De Recyclage soll laut enger europäescher Direktiv bis 2030 verstäerkt ginn. D'Lëtzebuerger Regierung huet eng Null Offall Strategie bis 2030 geplangt.

"Esou Geschichte sinn iwwerhaapt net rar"

D'Affär vun enger Brasilianerin, déi no enger Plainte géint hire Patron gesot krut, si misst d'Land verloossen, werft Froen iwwer de System op.

Iwwer e "klengen Trump" zu Ljubljana

Et gëtt, wéi üblech am Juli, e Wiessel un der EU-Spëtzt. Déi nächst sechs Méint huet Slowenien d'EU-Presidence.

Orban-Clash

D'Fonke si geflunn um Sommet zu Bréissel dës Woch. Am Zentrum vun der Diskussioun: den ungaresche Premier Viktor Orban.

Europaparlament diviséiert iwwer Avortement

Am Europaparlament gouf et hefteg Debatten iwwer d'Recht op Ofdreiwung. Gëschter gouf an enger gespaanter Atmosphär iwwer en Text zu deem Sujet ofgestëmmt.

Spezial: Interview mam Frans Timmermans

Den EU-Kommissär, dee fir de Green Deal zoustänneg ass, stoung Journalisten aus dem Radios-Reseau Euranet Plus, zu deem och den 100,7 gehéiert, Ried an Äntwert.

Wéi gréng ass de Green Deal a wéi deier gëtt en?

Wéi soll de Green Deal, also d'Klimaschutz-Politik vun der EU, effektiv ëmgesat ginn? Froen un de Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun, de Frans Timmermans.