Radioen

On air

Notturno  |  Ziad Rahbani - Mays'elrim

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

TikTok muss sech un EU-Reegelen halen

D'Online-Plattform TikTok muss sech un déi europäesch Reegelen halen, dat soen Europadeputéiert. Si hoffen, datt eng EU-Direktiv méi Kloerheet bréngt.

Fleegepersonal: Belkir Belhaddad fuedert Efforte vu Lëtzebuerg

Dee franséischen Deputéierte fuerdert, datt Lëtzebuerg sech finanziell un der Ausbildung vu Fleegepersonal bedeelegt.

Harmoniséiert Approche fir EU-Impfcertificat

D'EU-Staaten hu sech op eng gemeinsam Linn beim geplangte Covid-Certificat gëeenegt. Dat ass d'dpa aus Diplomatekreeser zu Bréissel gewuer ginn.

Lëtzebuerg lackelt d'Paräisser un a Paräis d'Lëtzebuerger

D'Corona-Pandemie trëfft d'Tourismus-Branche zu Paräis haart. D'Léisung: Méi nohaltegen a lokalen Tourismus. Och d'Lëtzebuerger sollen ugelackelt ginn.

Nei Gewalt am Irland-Konflikt

An Nordirland ginn et nees Affrontementer tëschent Manifestanten an der Police. Schmäerzhaft Erënnerunge ginn erwächt, mengt de Sandro Calderon vun der RTBF.

Nach méi Differenzen duerch de Brexit

De Brexit accentuéiert d'Ënnerscheeder tëschent der EU a Groussbritannien, fënnt den Oliver Hanrion.

EU tëschent AstraZeneca a Sputnik

Dat 1. Trimester vun der Impfcampagne ass eriwwer. Et ass net genuch Impfstoff do, et gëtt doriwwer gestridden, wéi e soll verdeelt ginn a Verschiddener setzen elo op Sputnik.

OpenLux: Et gi méi streng Reegele gebraucht

OpenLux war méiglech, well Lëtzebuerg d'Donnéeën aus dem Firmeregëster publik mécht. Dat schreift eng EU-Direktiv vir, ass awer nach laang net iwwerall de Fall.

Interview: Isabel Wiseler, Europadeputéiert vun der CSV

D'EU verhänkt Sanktioune géint China, China äntwert mat Géigesanktiounen. Wéi geet et elo viru mam Investitiouns-Accord, deen d'EU mat China ënnerschriwwen huet?

Slowenien: Pressefräiheet vun uewe menacéiert

A Slowenien huet de Premier Janez Jansa méi wéi eng Kéier probéiert, d'Medien ze beaflossen. Domat beschäftegt sech den Ament d'Europaparlament.

Elektromobilitéit: Wou sinn d'Luedstatiounen?

D'Unzuel un Elektrobornen, souwuel am ëffentleche Raum, an de Parkinge wéi och an den Appartementshaiser kënnt der Hausse vun den Elektroautoen net no.

Een EU-Sommet zu 28

Den Olivier Hanrion (RTBF) kommentéiert de leschten EU-Sommet mat der Presenz vun engem Guest star.

Spuenien: Roserei iwwer Reesrestriktiounen

D'Spuenier dierfen déi Regioun an där si wunnen, net verloossen. Fir Touristen awer ass et erlaabt, sech fräi am Land ze beweegen. Dat mécht ëmmer méi Leit rosen.

Europaparlament freet eng nei Strategie fir den Tourismus-Secteur

Als Hoffnungsschimmer gëtt den Covid-Certificat ugesinn, deen ënner anerem d'Reesen nees méi einfach maache soll. Dorop waart virun allem den Tourismus.

Rechtsstaat-Mechanismus: EU-Parlament stellt Ultimatum

D'Verdeele vun EU-Sue soll u Konditioune geknäppt ginn. D'Reegel ass zanter dem 1. Januar a Kraaft, gëtt awer net applizéiert. Elo mécht d'Europaparlament Drock.

Wéi sozial gëtt d'Relance?

Doriwwer gouf gëschter Owend op enger Konferenz diskutéiert, op déi d'Lëtzebuerger Vertriedung vun der EU-Kommissioun invitéiert hat.

Lëtzebuerger Landwirtschaft ze vill op Véi a Mëllech konzentréiert

D'EU-Kommissioun hätt gären, dat déi lëtzebuerger Landwirtschaft manner op Fleesch- a Mëllechproduktioun setzt. Dat stéisst bei de Baueren awer op wéineg Begeeschterung.

De Covid-Vaccin vun AstraZeneca ass "sécher an effikass"

D'Europäesch Medikamenten-Agence huet d'Fäll vun Niewewierkungen analyséiert. D'EU-Memberlänner si mam Stress net gutt ëmgaangen, fënnt den Olivier Hanrion.

Covid-Impfen an der EU: Firwat geet et esou lues virun?

Iwwer Problemer bei den Impfstoff-Liwwerungen an de Versuch vun der EU Drock auszeüben, den AstraZeneka-Debakel an déi gréng Hoffnung vum Impfcertifikat.

Déi Gréng Covid-Kaart fir EU-Bierger

D'EU-Kommissioun proposéiert en digitale Covid-Impf-Zertifikat. Wéi eng Dieren ee kann opmaachen ass nach net kloer. Och net wéini déi gréng Kaart kënnt.