arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Zwee Deeg virun den Europawalen ...
... schwätzt de Maurice Molitor mam EU-Korrespondent vum Lëtzebuerger Wort a mat der Direktesch vum Europa-Musée zu Schengen.
Iwwer d'Musel mat der Fär
Wéinst Personalproblemer funktionéiert d’Fär tëschent Oberbillig a Waasserbëlleg am Moment just nach hallefdaags.
Wéi organiséiert een eng Walcampagne?
E Bléck hanner d’Kulisse mat Françoise Kemp (CSV) a Claude Lamberty (DP), déi bei hire Parteie fir d’Organisatioun vum EU-Walkampf zoustänneg sinn.
Walrecht mat 16?
Muss déi Fro knapp 10 Joer nom Referendum nei gestallt ginn? Invitéen: Liam Bremer (Jugendrot) a Marc Schoentgen (Zentrum fir politesch Bildung)
Faszinatioun Lego
De Maurice Molitor war de Weekend op der Expo Brixembourg an huet do mat Organisateuren an Aussteller geschwat.
Haislech Gewalt: Wie sinn d’Täter?
De Service Riicht eraus vun der Croix-Rouge betreit Männer a Fraen, déi doheem gewalttäteg sinn. Firwat hu si sech net am Grëff? A wéi kritt een d’Gewalt gestoppt?
Enn vun der Diktatur a Portugal: 50 Joer Nelkerevolutioun
Déi sougenannt Nelkerevolutioun huet viru 50 Joer d’Diktatur a Portugal op en Enn bruecht. Wéi et dozou koum, gëtt am Moment am Musée um Fëschmaart beliicht.
Posttraumatesche Stress: Och Lëtzebuerger Zaldote si betraff
Lëtzebuerger Zaldote leiden no Asätz am Ausland heiansdo nach jorelaang ënner deem, wat si erlieft hunn. Wéi kënne si gehollef kréien?
Save Urban Birds: Firwat soll een d’Vullen an der Stad schützen?
E Projet vun natur&ëmwelt huet sech als Zil gesat méiglechst vill Vullenzorten an de Stied ze erhalen. Mir froen déi Responsabel vum Projet, firwat dat wichteg ass.
Zu Wolz gëtt et en neie Kannermusée
Zu Wolz huet viru Kuerzem deen éischte Musée just fir Kanner hei am Land seng Dieren opgemaach. Mir waren dohi kucken.
Léiw vun der Resistenz
Eng nei Biographie verzielt d’Liewe vum Camille Sutor, engem vun de grousse Lëtzebuerger Resistenzler.
All Véierten iwwer 16 Joer fëmmt
D’Analys vun der neister Tabagissem-Etüd, mat Pedro Marques (Santé) a Lex Schaul (Fondation Cancer).
Lënse vu Buerschdref
De Biobauer Daniel Schaaf geet nei Weeër, ë. a. mat der Hëllef vum Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie (IBLA).
D’Iechternacher Sprangprëssessioun
Live op der Plaz iwwer d’Organisatioun vun där Pressessioun, déi zanter 2010 op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturpatrimoine vun der Mënschheet steet.
Long-Covid: all Mount kommen zeg Patiente bäi
An der Rehaklinik vum CHNP ginn déi Persoune betreit, déi an der Suite vun enger Covid-Infektioun mat deelweis staarken Aschränkunge ze liewe léieren. Eng nei App soll hinnen dobäi hëllefen.
Firwat geet d’Zuel vu Kanner mat spezifesche Besoinen an d’Luucht?
An de Schoule kréien ëmmer méi Kanner eng speziell Betreiung, well si Schwieregkeeten am Unterrecht hunn. Firwat ass dat esou? A wéi funktionéiert déi speziell Betreiung?
Wat bréngen eenheemesch Planzen der Natur?
De Gemengesyndikat Sicona encouragéiert Baueren a Privatleit elo am Fréijoer eenheemesch Wëllplanzen ze séien. Mee firwat soll een dat maachen?
Firwat goufen et an der Lescht esou vill Temperaturrekorder?
Un Temperaturrekorder huet een sech an Zäite vum Klimawandel gewinnt. Mee an de leschte Méint waren se nach méi heefeg, wéi virdrun. Mir kucke wourun dat läit.