Déi gutt Noriicht
WHO fuerdert Opklärung géint Gewalt géint jonk Meedercher
3 min
Ronn 19 Millioune jonk Meedercher wiere betraff. De Rapport gouf an der Fachzeitung The Lancet publizéiert.
24 Prozent jonk Fraen erliewen am weltwäiten Duerchschnëtt Gewalt. A Mëtteleuropa sinn et 10 Prozent, an Afrika 40 Prozent an an Ozeanien - Australien Neiséiland souwéi an deenen anere pazifeschen Inselstaaten - sinn et 47 Prozent Fraen, déi Affer vu Gewalt sinn.
D’Weltgesondheetsorganisatioun fuerdert Opklärung an der Schoul, vu Meedercher a Jongen ... virun allem iwwer gesond Bezéiungen a méi staark Meedercher- a Fraerechter.