Déi grouss Leidenschaft weist sech net nëmmen an der Geschicht vum Shakespare sengem "Romeo and Juliet", mee och de Geieconcerto vum Tschaikowski ass e Wierk voller virtuoser Passioun. Den Interpret vun der Solo-Gei ass op dësem Concert den Timothy Chooi. Den 32 Joer ale kanadesche Geiist huet 2019 den zweete Präis beim Concours Reine Elisabeth gewonnen.
Programm:
Bohuslav Martinu (1890-1959): Ouverture fir Orchester, H. 345
Peter Tschaikowski (1840-1893): Concerto fir Gei, op.35
Sergei Prokofiev (1891-1953): Romeo a Julia, op.64
Interpreten:
Timothy Chooi, Gei
Prague Radio Symphony Orchestra
Alevtina Ioffe, Direktioun
Dëse Concert gouf de 16. Februar 2026 am Smetana Hall zu Prag opgeholl. D'Opnam ass bis den 19. Mee 2026 disponibel.