arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Concert

Episoden

in memoriam - Dietrich Fischer-Dieskau

Fir de Gesang huet hien nei Moossstief gesat, dat mat Operen zu Bayreuth, an och mat Lieder an der ganzer Welt. E Portrait fir dem Dietrich Fischer-Dieskau säin 100. Gebuertsdag.
play_disabled

Zanter méi wéi 60 Joer Pianist an ëmmer nach virtuos

De Rudolf Buchbinder, deen och schonn um Fligel an der Philharmonie Concerte gespillt huet, steet hei am Fokus mat Wierker vum Brahms, Grünfeld a Bartók.
play_disabled

Schätz aus der Kammermuseksliteratur

Zwee vun de schéinste Kammermusekswierker aus dem 19. Jorhonnert stinn um Programm vun dësem Concert: Quintette vum Brahms a vum Schubert.
play_disabled

Sou ënnerschiddlech kléngt Mëtteleuropa

Jean-Philippe Rameau, Leos Janacek a Ludwig van Beethoven mam Orchestre de Chambre du Luxembourg a mam Gaaschtdirigent Nuno Coelho.
play_disabled

Very British - Elgar a Walton am Gewandhaus Leipzig

D'Enigma Variatiounen vum Elgar, wéi och den Celloconcerto vum Walton sinn grouss Kompositioune vun der englescher Musek an och Deel vum Concert mam MDR-Runfunkorchester.
play_disabled

Tëscht Heemecht, Verdreiwung an Neiufank

Den Orchestre de Chambre de Lausanne presentéiert mat der kanadescher Dirigentin a Sopranistin Barbara Hannigan e variéierte Programm tëscht Ofleenung, Zensur an neier Hoffnung.
play_disabled

Kammermusek iwwert d'Natur an d'Mier

Sechs Musekerinnen a Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker spillen ee Programm mat franséischer, japanescher a russescher Musek. Am Fokus stinn d'Natur an d'Mier.
play_disabled

Mahler 4. - aus dem Gewandhaus Leipzig

Dem Gustav Mahler seng 4. Sinfonie - een opulent orchestréiert Wierk, dat vun "himmlescher Freed" séngt an däischter Ofgrënn beschwiert.
play_disabled

De Lëtzebuerger Perkussionist Christoph Sietzen mam WDR Sinfonieorchester

De Lëtzebuerger Perkussionist Christoph Sietzen ass de Solist an engem Concert vum WDR Symphonieorchester ënnert dem Brad Lubman
play_disabled

E Wiener Dreemert um Piano

De Lukas Sternath spillt ee Soloconcert an der Philharmonie - mat um Programm: e Wierk vun der Sofia Gubaidulina, déi 9 Deeg nom Concert verstuerwen ass.
play_disabled

Beethoven, der Europäer

Ee Komponist, deen een direkt mat Europa a Verbindung bréngt, ass ouni Zweifel de Beethoven. Dat beweist och dëse Concert vun den Amis du Chant an dem JAC Trio.
play_disabled

Tscheschesch Mythen a Landschaften

Den Orchestra della Svizzera italiana, kuerz OSI, spillt dëse Concert ënner der Baguette vum polneschen Dirigent Krzysztof Urbański. Mat dobäi ass och den Cellist Nicolas Altstaed.
play_disabled

Concert mam Orchestra Sinfonica Nazionale della RAI

De Schwäizer-amerikaneschen Dirigent John Axelrod dirigéiert Rendering vum Luciano Berio an The Planets vum Gustav Holst.
play_disabled

Konkurrenz Salieri-Mozart?

De Prague Wind Trio widmet sech net nëmmen dem Zweeërgespann Salieri-Mozart, mee och enger ganzer Rei aler an zäitgenëssescher Komponisten aus hirem Heemechtsland.
play_disabled

Dem Zäitgeescht viraus

Mat hire Wierker fir Sträichensembel waren de Schubert an de Beethoven hirer Zäit viraus - bei deem enge gewollt, bei deem anere manner.
play_disabled

Melodië wéi an enger Oper

Kammermusek aus dem Escher Conservatoire: Vill verschidden Instrumenter op enger Bün, mat engem Programm voller Belcanto an Humor
play_disabled

Tëschent Krich, Fridden a Molerei

Dëse Concert mat de Berliner Philharmoniker zitt eis an eng androcksvoll an thematesch Dicht.
play_disabled

De Freiburger Barockorchester spillt Vivaldi

Venedeg war dem Vivaldi seng Heemecht, virun allem seng Concerti awer hunn am Barock ganz Europa eruewert. De Freiburger Barockorchester spillt epuer vu senge bedeitendste Wierker.
play_disabled

Den Ádám Fischer dirigéiert Mozart

Den ungareschen Dirigent Ádám Fischer, en ausgewisene Spezialist vum klassesche Repertoire, dirigéiert d'Symphonien Nr. 39, 40 an 41 vum Wolfgang Amadeus Mozart
play_disabled

Ein Deutsches Requiem

Dem Johannes Brahms säi "Requiem" ass weltberüümt. Hei séngt en ee groussen däitsche Chouer an der Philharmonie: d'Gaechinger Cantorey.
play_disabled