E Concert aus dem Veianer Schlass mat der Kammerata Luxembourg, ganz ënner dem Motto “Ernstes Spiel - gespielter Ernst”. Um Programm steet ee Klarinettequintett vum Mozart an “Der Bürger als Edelmann”, e Mix aus Comedie a Ballet vum Richard Strauss. De Concert, presentéiert vum Marie Schockmel, kennt Dir bis den 13. Mäerz 2026 an der Opus Mediathéik nolauschteren.
Programm:
• Wolfgang Amadeus Mozart: Quintett fir Klarinett a La Majeur, K. 581
Klarinett, 2 Geien, Braatsch, Cello
• Richard Strauss: Der Bürger als Edelmann, Suite op.60 (arr. Andreas Luca Beraldo)
Flütt, Klarinett, Gei, Cello a Piano
Interpreten:
• Markus Brönnimann, Flütt
• Arthur Stockel, Klarinett
• Sandrine Cantoreggi, Gei
• Isabel van Grysperre, Gei
• Susanne Martens, Braatsch
• Gustav Rivinius, Cello
• Béatrice Rauchs, Piano