Am Kader vum Schleswig-Holstein Musikfestival 2025 spillen den NDR Radiophilharmonie Orchester ënnert der Leedung vum Stanislav Kochanovsky dem Giuseppe Verdi säi bekannte Requiem, e Wierk vu ronn 90 Minutte Längt. Mat hinnen op der Bün sti 4 Solisten: d'Sopranistin Vittoria Yeo, d'Mezzosopranistin Alice Coote, den Tenor Davide Giusti an de Bass Dmitry Belosselskiy. Ma och 2 Chéier, de Schweizer Jugendchor an de Schleswig-Holstein Festivalchor ergänzen hei d'Besetzung.
Dem Giuseppe Verdi säin "Libera me" sollt ufanks als leschte Saz vun der Mass am Undenken un de verstuerwenen Operekomponist Gioacchino Rossini geduecht sinn. Dëst Wierk gouf deemools, no gréisseren
Onstëmmegkeeten tëscht den 13 Komponisten an dem Comité, déi all doru matgeschafft hunn, awer réischt iwwer 100 Joer méi spéit, 1988 uropgefouert. Nawell war dësen "Libera me" den Ausgangspunkt fir d'Komponéiere vum Verdi senger "Messa da Requiem" am Undenken un dee vun him vill bewonnerten italieeneschen Auteur Alessandro Manzoni.
Opgeholl gouf dëse Concert an der Musik- und Kongresshalle zu Lübeck an Dir kënnt en nach fir ee Mount an der Mediathéik vum Opus nolauschteren.
Programm:
Giuseppe Verdi (1813-1901):
• Messa da Requiem
o Requiem
o Dies irae
o Offertorio
o Sanctus
o Agnus Dei
o Lux aeterna
o Libera me
Interpreten:
• Vittoria Yeo, Sopran
• Alice Coote, Mezzosopran
• Davide Giusti, Tenor
• Dmitry Belosselskiy, Bass
• Schweizer Jugendchor
• Schleswig-Holstein Festivalchor
• NDR Radiophilharmonie Orchester
• Stanislav Kochanovsky, Direktioun