‘Aus Nördlichen Gefilden’ – dat ass den Titel vun engem Concert deen d’Solistes Européens Luxembourg ënnert der Leedung vum Christoph König den 20. Oktober 2025 an der Philharmonie gespillt hunn. Um Programm stoungen zwee Klassiker ; dem Camille Saint-Saëns säin drëtten Cello Concerto an dem Felix Mendlessohn- Bartholdy seng drëtt Symphonie. Awer och eng Kreatioun vum jonke Lëtzebuerger Komponist Christophe Mirkes ass deen Dag opgefouert ginn.
An de Solist vun deem Owend war och e jonke Lëtzebuerger, deen trotz sengem Alter och am Ausland schonn immens erfollegräich ënnerwee ass, de Benjamin Kruithof.
Loosst iech entféieren a verzaubere vun den äiseg Wäiten, der wëller Natur an den impressionante Mouere vun den ‘Nördlechen Gefilden’ zesumme mat de Solistes Européens Luxembourg, an dem dem Christoph König.
Dëst ass e Live Matschnëtt vum Concert dee mir den 20. Oktober 2025 an der Philharmonie opgeholl hunn.
Programm :
Christophe Mirkes (1996*) : Die Mooswald Suite
Camille Saint-Saëns (1835-1921) : Concerto pour violoncelle n°1 op. 33
Felix Mendelssohn Bartholdy (1809-1847) : Symphonie n°3 op. 56 « Schottische »
Interpreten :
Benjamin Kruithof, violoncelle
Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König, direction