arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
D'Jeneba Kanneh-Mason an den George Enescu Philharmonic Orchestra
Si spille Musek vun zwee Komponisten, déi sech un der mënschlecher Stëmm orientéiert hunn: Chopin a Schubert.
Bel Canto: Bellini, Donizetti a Chopin
D'Lëtzebuerger Sopranistin Claudia Galli an de Pianist Grégory Moulin féieren am Kader vun der Voice Week 2026 e Bel Canto-Programm op am Escher Conservatoire.
Andreas Mader um Echter'Classic
Live-Matschnëtt vu sengem Projet "In Motion"
Pastorale - D'Natur an der Musek, deemols an haut
Eng Uropféierung, eng zäitgenëssesch Sinfonie mat Tounband an eng Sinfonie vum Beethoven - allen dräi beschäftegen se sech mat der Natur an hirer Wierkung op de Mënsch.
Romantesch Kläng aus Vilnius
Eng musikalesch Entféierung duerch d’Romantik, mat der Anne Luisa Kramb op der Gei
Carte blanche fir de Francisco Coll
D'Fondatioun Juan March vu Madrid huet dem spuenesche Komponist an Dirigent Francisco Coll Carte blanche gi fir e Concert mat enger Rëtsch Kammermuseksstécker.
"La chasse et la clarinette"
De Quatuor Henri Pensis spillt d'Juegdquartett vum Haydn an d'Klarinettequintett vum Brahms.
D’Jussen-Bridder an een Iwwerraschungswierk
De Lucas an Arthur Jussen interpretéieren dem Mendelssohn säi virtuose Concerto fir zwee Pianoen. Duerno héiere mir een Iwwerraschungswierk, dat un Dvořák erënnert.
Berliner Intonations Festival: Emmanuel Pahud, Martha Argerich a Frënn
Um Programm sti Wierker vum Nikolai Rimski-Korsakow, Sergei Rachmaninow, Robert Schumann, Olivier Messiaen a Claude Debussy.
her:voice – de Komponistinnefestival
D’Essener Philharmoniker spille Wierker vu bekannte weibleche Musekerinnen.
Sechs Mol Bach an zwee Mol Piano
D'Annie Kraus an de Christian von Blohn presentéieren déi sechs Brandenburg-Concertoe vum Bach an enger Versioun fir zwee Pianoen.
Zwee russesch Komponisten am Fokus
Zwee Wierker déi allebéid vum politesche System beaflosst gi sinn: dem Rachmaninow säin 3. Pianosconcerto an dem Schostakowitsch seng 6. Sinfonie.
1782: Ee Joer am Liewe vum Mozart
Salzburger Festspiller: Eng Mozart-Matinée mam Roberto González-Monjas a mam Alexander Melnikov
Grouss Romantik mam Auckland Philharmonia
Eng von den erfollegräichsten Dirigentinne vun eiser Zäit, d'Elena Schwarz, dirigéiert den Auckland Philharmonia mat Wierker vu Johannes Brahms, Louise Farrenc a César Franck.
Tëschent Léift a Leidensgeschichten
CantoLX feiert säi 15. Anniversaire mat Wierker aus den Ufäng vun der italieenescher Barockoper.
Matsangen, danzen an zeréckblécken - 70 Joer Gast Waltzing
De Lëtzebuerger Museker Gast Waltzing huet mat engem risege Concert säi 70. Gebuertsdag am Mee 2026 an der Philharmonie virgefeiert. Gutt Stëmmung a vill Klangfaarwe garantéiert!
Groussen Operegala um Hannover Klassik Open Air
Virun der wonnerschéiner Kuliss vum Neie Rathaus vun Hannover spillt d'NDR Radiophilharmonie ënner der Leedung vun hirem Chefdirigent Stanislav Kochanovsky.
Mat Debussy a Ravel an den Olymp!
Den Opus an SR Kultur huelen dech mat a verschidde Klangsphäre vum franséischen Impressionismus.