Eternal Bach ... och fir Komponisten aus dem 20. Joerhonnert ass den Thomaskantor e Virbild bliwwen, déi besonnesch faszinéiert ware vun der onvergläichlecher Konscht vu sengem Kontrapunkt. Vu Berlin aus iwwerdroe mir "symphonesche Bach": Adaptatiounen an Arrangementer vu senge Wierker vum Igor Strawinsky an Anton Webern, opgefouert vum Berliner Radio-Sinfonieorchester ënner der Leedung vum Clark Rundell. Am Dialog domat sti Wierker a Jazzimprovisatioune vum a mam New Yorker Jazzpianist a Komponist Brad Mehldau, dee weltwäit fir seng polyphonesch Improvisatioune à la Bach gefeiert gëtt.
Dëse Concert, presentéiert vum Joachim Fontaine, kann ee bis de 25. Februar an der Opus Mediathéik lauschteren.
Programm:
- Johann Sebastian Bach / arr. Igor Strawinsky Praeludium und Fuge e-moll BWV 855
Rundfunksinfonieorchester Berlin
Clark Rundell, Dirigent
- Improvisation
Brad Mehldau, Piano
- Johann Sebastian Bach / arr. Anton Webern: Ricercar aus dem „Musikalischen Opfer“ BWV 1079
Rundfunksinfonieorchester Berlin
Clark Rundell, Dirigent
- Improvisation
Brad Mehldau, Piano
- Johann Sebastian Bach / arr. Clark Rundell: Contrapunctus XIX aus der „Kunst der Fuge“ BWV 1080
Rundfunksinfonieorchester Berlin
Clark Rundell, Dirigent
- Improvisation
Brad Mehldau, Piano
- Ludwig van Beethoven: Zwischenspiel aus dem Sanctus der „Missa solemnis“ op. 123
Rundfunksinfonieorchester Berlin
Clark Rundell, Dirigent
- Brad Mehldau: Klavierkonzert (1970) – Herbie Hancock gewidmet
Rundfunksinfonieorchester Berlin
Clark Rundell, Dirigent
Brad Mehldau, Piano
- Improvisation über Bachs Goldbergvariationen
- Improvisation über „Things behind the sun“ von Nick Drake
Brad Mehldau, Piano
- Waltz for J.B. - Improvisation
Brad Mehldau, Piano
- Johann Sebastian Bach / Jacques Loussier: Cembaloconcerto Nr. 1 a Re Mineur BWV 1052
Jacques Loussier Trio