De Remy Franck presentéiert e Programm mam Norwegesche Radiosorchester, bei deem Vollekslidder a klassesch Musek fusionéiert ginn.
Mat dobäi si Wierker vum Antonin Dvořák, der 6. Symphonie an den Zigeinerlidder op. 55 an der Orchestratioun vum Manfred Honeck, der 25. Symphonie vum Wolfang Amadeus Mozart an dem Concert Romanesc vum György Ligeti. Dirigéiert gëtt den Orchester vum Petr Popelka an dem Ingar Bergby.
Programm:
- Wolfgang Amadeus Mozart: Symphonie Nr. 25 KV 183
- Sigurd Fischer Olsen: Hypnagogia
- Antonín Dvořák: Symphonie Nr. 6, op. 60
Sofia Jernberg, Gesank
Norwegesche Radioorchester
Petr Popelka, Dirigent
- Antonin Dvořák / Manfred Honeck: Zigeinerlidder, op. 55
- György Ligeti: Concert Românesc
Norwegesche Radioorchester
Ingar Bergby, Dirigent