Direkt zwee Anniversairë feiert de Mechelschouer dës Saison ; 175 Joer Chorale Saint Michel a 65 Joer mam Gerry Welter als Dirigent. Fir dës den Ëmstänn entspriechend ze feieren, hunn d’Chorale Saint Michel fir hiren Allerséileconcert vum 02. November 2025 an der Mechelskierch e feierleche Programm zesummegestallt an zwee Wierker nieftenee gestallt déi bal net méi ënnerschiddlech kéinte sinn. Dem Bach säi Magnificat, ee vun dem Bach senge prachtvollsten a bekanntste Wierker fir Chouergesang, an dem Schumann säi Requiem, eng kleng, selte gespillte, kostbar Pärel.
Gläichzäiteg war de leschten Allerséileconcert awer och dee Leschten ënnert der Leedung vum Gerry Welter, wat dësen Owend nach eng Kéier ëmsou méi speziell gemaach huet.
E besënnleche Concert deen zum Nodenken ureegt.
Programm :
Robert Schumann (1810 -1856) : Requiem
J.S. Bach (1685-1750) : Magnificat in D
Interpreten :
Véronique Nosbaum , Sopran
Anaïs Brullez , Mezzo-soprano
Jasmin Hofmann , Alto
Kenny Ferreira , Ténor
Olivier Nilles , Basse
Gerry Welter , Dirigent
Chorale Saint-Michel
Orchestre de Chambre du Luxembourg
Dir kennt dëse Concert nach bis den 20. Februar an eiser Mediathéik lauschtere goen.