Fir déi 14. Editioun vum rumäneschen Magic Summer International Festival goufe wärend 6 Woche reegelméisseg Concerten organiséiert fir grouss Komponisten an hir Wierker ze feieren, mat ënner anerem Beethoven, Tschaikowski an Dvořák um Programm.
D’Ouverture vum Festival fënnt am Romanian Athenaeum zu Bukarest statt a steet ënner dem Numm Mozart forever. De Matschnëtt ass vum 2. Juli 2025 an et spillt de rumänesche Camerate regală Orchester ënner der Direktioun vum Constantin Grigore.
Presentéiert gëtt dëse Concert vum Tanja Duprez. Dir kënnt d’Opnam nach bis de 17. Februar an der Mediathéik vum Opus 100,7 lauschteren, an der Opus 100,7 App oder ënner www.opus.radio