Ganz vill Léift, Dramatik a puer Emotiounen, dat versprécht de Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker mam Titel “Wagner’s Legacy”. Ënnerder Leedung vum Leopold Hager spille si Wierker vu Wagner a Bruckner, déi u Leidenschaft net ze iwwertreffe sinn.
Dëst ass e Live-Matschnëtt vum Concert, deen d’Lëtzebuerger Philharmoniker den 02. Oktober 2025 an der Philharmonie ënner der Leedung vum Leopold Hager gespillt hunn.
Lauschtert eran a loosst Iech matrappen.
Programm:
Richard Wagner (1813-1883): Tannhäuser-Ouvertüre
Richard Wagner (1813-1883): Wesendonck-Lieder
Anton Bruckner (1824-1896): Symphonie Nr. 3
Interpreten:
Eva Zaïcik , Mezzo-soprano
Leopold Hager, Dirigent
Luxembourg Philharmonic