Déi international gefeiert Geiistin Isabelle Faust spillt dem Alban Berg säi Concerto "dem Andenken eines Engels" an de schwedesche Rundfunkorchester interpretéiert der Emilie Mayer hir siwent Sinfonie ënnert der Leedung vum Daniel Harding. Den Ufank mécht de Richard Wagner mat der Ouverture aus "Tannhäuser".
Programm:
Richard Wagner (1813-1883): Ouverture, aus "Tannhäuser"
Alban Berg (1885-1935): Concerto fir Gei an Orchester "dem Andenken eines Engels"
Emilia Mayer (1812-1883): Sinfonie Nr. 7 a Fa mineur
Interpreten:
Isabelle Faust, Gei
Orchester vum Schwedesche Rundfunk
Daniel Harding, Direktioun
Dëse Concert gouf de 15. November 2024 an der Berwaldhallen zu Stockholm opgeholl. D'Opnam ass nach bis den 11. Februar 2026 disponibel op www.opus.radio