Am Kader vum Museksfestival am Buerglënsterschlass war de 16. November 2025 e Concert, bei deem zwee russesch Pianostrioen am Fokus stoungen. Déi Lëtzebuerger Pianistin Sabine Weyer huet zesumme mam Cellist Dimitri Maslennikov a mam Geiist Andrey Baranov dem Sergueï Rachmaninov säin Trio élégiaque Nr. 1 an dem Pyotr Tchaikovsky säin emotiounsgeluedene Pianotrio a la Mineur gespillt.
Déi dräi Museker huelen Iech hei mat an d’Welt vun der russescher Romantik. Do erwaarden Iech melancholesch Melodien, virtuos Passagen an déi schéinste Klangfaarwen aus der russesche Romantik.
Den Opus huet dëse Concert opgeholl, an de Live-Matschnëtt dovu kennt Dir nach bis den 10. Februar 2026 an eiser Mediathéik nolauschtere goen.
Programm:
Sergueï Rachmaninov (1873-1943): Trio élégiaque a sol mineur
Pyotr Tchaikovsky (1840-1893): Trio a la mineur op.50 “à la mémoire d’un grand artiste”
• Moderato assai - Allegro giusto
• Tema con variazione: Andante con moto
Interpreten:
Andrey Baranov, Gei
Dimitri Maslennikov, Cello
Sabine Weyer, Piano