E Concertsprogramm, deen d'Diversitéit vum amerikanesche Kontinent weist. Deen huet de Monte-Carlo Philharmonic Orchestra de 15. Juni 2025 zu Monaco op d'Bee gestallt. Mat dobäi sinn dat symphonescht Gedicht "Amazonas" vum Heitor Villa-Lobos an de Concerto fir Harf vum Alberto Ginastera. Solist op der Harf ass do de Xavier de Maistre. Um Dirigentepult ass de Japaner Kazuki Yamada, deen och schonn hei zu Lëtzebuerg opgetrueden ass.
Presentéiert gëtt de Concert vum Cindy Reuter.
Programm:
- Heitor Villa-Lobos (1887-1959) - Amazonas, symphonescht Gedicht
- Alberto Ginastera (1916-1983) - Concerto fir Harf, op.25
- Manuel de Falla (1876-1946) - Spueneschen Danz Nr. 1, aus "La Vida breve" (Zugab)
- Aaron Copland (1900-1990) - Appalachian Spring Suite
- Ferde Grofé (1892-1972) - Mississippi Suite
Interpreten:
- Monte-Carlo Philharmonic Orchestra
- Xavier de Maistre, Harf
- Kazuki Yamada, Dirigent