Mat hiren 23 Joer huet d'María Dueñas scho vill erreecht. Si spillt op enger rarer Stradivarius-Gei, meeschtert eng international Solokarriär, spillt weltwäit mat Top-Orchesteren an ass och nach selwer Komponistin.
Op dësem Concert trëtt si op mam NDR Elbphilharmonie Orchester ënner der Baguette vum Alan Gilbert. Um Programm steet nieft Bruch a Brahms och e Meeschterwierk vun der Anna Clyne. Dat ass eng brittesch Komponistin, déi ënner anerem fir hir elektroakustesch Musek bekannt ass a keng Angscht virun neie Methoden huet.
Programm:
Anna Clyne (1980): Restless Oceans
Max Bruch (1838-1920): 1. Geieconcerto a Sol mineur, op.26
Johannes Brahms (1833-1897): 1. Sinfonie an Do mineur, op.68
Interpreten:
Orchester vun der NDR Elbphilharmonie
Alan Gilbert, Direktioun
María Dueñas, Gei